D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 837 läit.

Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 793.155 Impf-Dosisse genotzt. 24 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 41 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.