Op der N2 tëscht dem Rond-point Sandweiler a Schraasseg koum et en Dënschdeg kuerz virun 11 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Camion an engem Auto.

Fir déi zwou Persounen aus dem Auto, eng 54 Joer al Fra an e 55 Joer ale Mann aus dem däitsche Grenzgebitt, koum all Hëllef ze spéit. Si sinn nach op der Plaz un hire Blessure gestuerwen. De Chauffer an de Bäifuerer vum Camion, déi éischten Informatiounen no keng uerg Blessuren hunn, souwéi eng weider Persoun, déi ënner Schock steet, hu missen an d'Spidol gefouert ginn.

De Miess- an Erkennungsdéngscht ass op der Plaz am Asaz. D'Streck ass de Moment nach fir de Verkéier gespaart.

D'Police biet d'Zeie sech beim Policebüro vum Sirdall op der Nummer +244 78 1000 oder per Mail op police.syrdall@police.etat.lu ze mellen. Ënnert anerem de Chauffer vun engem donkelen Auto, deen a Richtung Stad ënnerwee war, wéi den Accident geschitt ass, souwéi eng 45 bis 50 Joer al Fra, déi op der Plaz mat enger Persoun op Lëtzebuergesch geschwat huet an de Moment vum Accident op der Foussgängerbréck war.