D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 838 läit.

Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 794.540 Impf-Dosisse genotzt. 696 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 683  Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.