Eng Studie vun der OECD huet eng Rei Chantieren um Integratiounsniveau devoiléiert.

OECD-Etüd iwwer Integratioun / Rep. Anne Wolff

All Zweeten aus der afrikanescher Sahel-Regioun gëtt bei Sondagen un, dass en zu Lëtzebuerg scho rassistesch diskriminéiert gouf. Eng Zuel, déi erféieren deet a weist, dass a puncto Integratioun zu Lëtzebuerg nach Aarbecht ze maachen ass.

D'Dräisproochegkeet ass en essentielle Facteur am Educatiounssystem, ma vill Kanner mat Migratiounshannergrond doe sech doru schwéier- zemools Schüler, déi nei an d'Land kommen. Pisa 2015 huet gewisen, dass si gutt 1 Joer Retard an der Lieskompetenz hunn. D'Integratiounsministesch Corinne Cahen verweist op déi ëffentlech Europaschoulen:

Ech mengen, dass mir scho ganz vill geännert hunn, doduerch dass de Claude Meisch jo déi ëffentlech Europaschoulen opgemaach huet. Der ginn et der jo eng Jett hei am Land, wou d'Kanner an enger anerer Sprooch kënne scolariséiert ginn, woubäi se do dann awer nach ëmmer Lëtzebuergesch derbäi hunn, vläicht do nach méi accentuéiert ewéi an der ëffentlecher Schoul.

Fir de Sergio Ferreira vun der Asti sinn d'Europaschoule keng richteg Léisung, de Problem léich ëmmer nach am System, deen op Lëtzebuergesch Mammesproochler ausgeluecht wier:

„Mir gesinn an der Etüd, dass Auslänner éischter an niddreg Niveaue ginn, an dass déi jonk Lëtzebuerger éischter an de Classique ginn. De Minister huet probéiert, mat den Europaschoulen de System ze contournéieren. De Problem läit an eisen Aen awer net am Secondaire, mee am Fondamental."

Gutt 67 Prozent vun de Grondschüler hunn als hir éischt Sprooch doheem net Lëtzebuergesch uginn. Am Ament sinn eng gutt 2.500 vun am Ganzen 107.000 Schüler an enger vun de 5 ëffentlechen Europaschoulen ageschriwwen. Eng dovun ass och fir de Primaire. D'Etüd weist och, dass Kanner vun Immigréierte manner dacks en Diplom aus dem Enseignement superieur kréien.

D'Educatioun schléit sech duerno och an der Liewensqualitéit néier. Der Etüd no ass de relativen Aarmutstaux bei immigréierte Menagen ee vun den héchsten an der OECD, virun allem bei Leit aus Drëttstaaten, seet de Migratiounsfuerscher Thomas Liebig vun der OECD:

„Und da ist der Migrantenanteil sehr deutlich überrepräsentiert. Das hängt damit zusammen, dass diese Haushalte zwar arbeiten, aber häufig in unqualifizierten Berufen zu finden sind."

Sou ass bei der Adem B1 am Franséische gefrot. Dat misst differenzéiert ginn, esou de Sergio Ferreira. D'Asti fuerdert och, nieft dem obligatoreschen Integratiounsplang PIA 1, déi weiderféierend Coursen iwwert d'Zesummeliewen zu Lëtzebuerg an den Aarbechtsmarché nees anzeféieren:

„Vue datt alles elo gestoppt ass, net nëmme wéinst dem Covid, mä och well do Problemer ware mat der Implementatioun vum PIA2, dat ass eppes, wat an eisen Aen elo relativ séier muss gemaach ginn."

Fir dëst Joer ass en neit Integratiounsgesetz geplangt, och d'Integratiounsprogrammer solle reforméiert ginn, esou d'Corinne Cahen:

„Dass d'Leit da ganz geziilt wiele kënne, wat fir Module se wëlle maachen a kënne maachen. Wat och interessant ass am Rapport, dass do gesot gëtt, mir sollen do nach méi drop setzen, well dat och en Integratiounsfacteur ass." Ausserdeem soll eng Enquête iwwert Rassismus am Alldag Enn dës Jores publizéiert ginn.