D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 838 läit.

Aktuell sinn 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner véier op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 795.363 Impf-Dosisse genotzt. 449 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 372 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.