Mam neie Covid-Gesetz gëtt de CovidCheck generaliséiert, wëll heeschen, Betriber a Verwaltunge kënnen an Zukunft de CovidCheck aféieren.

De Projet de Loi fir déi nei Covid-Reegelen hei am Land gouf e Méindeg an der Mëttesstonn mat den 31 Stëmme vun de Majoritéitsparteien ugeholl. D'Oppositioun huet mat 29 Nee-Stëmme géint dat neit Gesetz gestëmmt, dat en Dënschdeg a Kraaft trëtt a bis den 18. Dezember gëlteg ass.

Debatten an der Chamber

"Et gëllt, en Equiliber ze fannen an der berechtegter Demande no Fräiheet nozekommen!", dat huet de Rapporteur vum Gesetz, de Mars Di Bartolomeo e Méindeg de Moien an der Chamber betount, wou déi nei Versioun vum Covid-Gesetz debattéiert a gestëmmt gouf.

"Besonnesch an de leschten Deeg hu mer gesinn, datt et e richtege Balance-Akt ass, dee sécher nach eng méi intensiv Kommunikatioun verlaangt. Och wann ee ganz haart schwätzt, däerf een net vergiessen, datt et eng Majoritéit gëtt, déi méi lues schwätzt."

D'Impfunge sollen dem LSAP-Deputéierten no d'Gesellschaft net trennen, mee Fräiheeten erméiglechen. D'Majoritéit vun de Leit, déi manner haart op der Strooss sinn ewéi d'Impfgéigner, géifen dës weider fuerderen an deem misst een nokommen.

D'Spideeler an hir Mataarbechter wieren déi lescht 18 Méint op der Felg gedréint, et wier wichteg, och si ze respektéieren a mat alle Méiglechkeeten eng weider Well a méi Hospitalisatiounen ze verhënneren, esou de Rapporteur nach e Méindeg de Moien.

Dat neit Covid-Gesetz wëll de CovidCheck generaliséieren, heescht Betriber a Verwaltunge kënne vun November un eng Impfung, eng Genesung oder en zertifiéierten Test vun hirem Employé froen.

Am Horeca-Secteur a bei ville Fräizäitaktivitéite soll de Schnelltest mam neie Gesetz vum 1. November un ewechfalen an et gëllen da just nach PCR-, oder zertifiéiert Schnelltester.

Virop kritiséiert d'Oppositioun, dass d'Regierung den Drock op déi Net-Geimpften erhéicht. D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk an de Sven Clement vun de Piraten hu Beispillsweis vun Erpressung geschwat, well déi meescht Net-Geimpften hir Tester jo selwer bezuele mussen. Dat géif sozial Ongerechtegkeete schafen.

Fir d'Deputéiert Nathalie Oberweis vun déi Lénk representéiert dat neit Gesetz kaum Fakte mee just eng Iddi: "Ass de Besoin do, esou restriktiv ze sinn? Oder ginn et Alternativen? Wat ass hei de Krittär? Proportional zu wat? D'Spideeler sinn den Ament net an enger Kris an dat gouf eis och haut an der Chamber nach eng kéier preziséiert: d'Situatioun wier roueg a stabel. Dës Moossname reflektéieren net déi sanitär Situatioun, an där mer sinn, mee se gi geholl, fir en Zill ze erreechen."

D'ADR bedauert, datt den Immunitéitstaux net mat agerechent gëtt, esou den Deputéierte Jeff Engelen.

"Et hu sech schonn 80.000 Persounen zu Lëtzebuerg mam Virus infizéiert. Wann een dës Zuel bei d'Zuel vun de Geimpften dobäirechent, da si mer op den 80% un Immunitéit."

D'Pirate fäerten, datt dat neit Gesetz d'Skepsis bei de Leit just weider verbreet.

"Wann d'Politik den Drock erhéicht, da kréien d'Leit just nach méi Angscht a mir schëdde Waasser op d'Mille vun deenen, déi mengen, de Staat wéilt se just kontrolléieren. An dat mécht alles just nach méi schlëmm."

Déi 3 lescht Covid-Gesetzer hat d'CSV matgestëmmt. Dat neit Gesetz krut dogéint e kloren Nee vun der gréisster Oppositiounspartei.

Den Deputéierte Claude Wiseler huet dat neit Gesetz staark kritiséiert. Net well seng Partei prinzipiell géint de CovidCheck-System an der Aarbechtswelt ass, mee well dëse Gesetztext immens onkloer wär. Déi ganz Responsabilitéit géif un d'Cheffen an d'Betriber, respektiv d'Administratioune weider goen. Da stelle sech vill juristesch Froen: wat e Patron ka maachen oder wat en net däerf maachen. Dësen Text hätt dorop keng Äntwerten, bedauert de Claude Wiseler.

Dat selwecht gëllt fir aarbechtsrechtlech Froen, déi och de Staatsrot opgeworf hat, esou den CSV-Deputéierten. Zum Beispill, wéi eng Suitten et fir e Salarié huet, wann e kee Zertifikat huet a refuséiert, sech testen ze loossen.

De Claude Wiseler huet och d'Kommunikatioun vun der Regierung an dëser Kris op en Neits staark kritiséiert. Dowéinst wär den Impftaux hei am Land ze niddreg. E läit aktuell ënnert der europäescher Moyenne.

Der CSV no hätt et eng richteg Campagne mat objektiven Explikatiounen iwwer d'Impfung gebraucht an dat schonn am Wanter 2020, fir eben och de Leit, déi skeptesch sinn oder Angscht hunn, wichteg Explikatiounen ze ginn an net de militanten Impfgéigner den Terrain z'iwwerloossen.

"An enger Zäit, wou aner Länner kënnen opmaachen, musse mir nach méi streng Moossnamen huelen. Amplaz an dëser Situatioun da mat engem prezisen Text dann ze kommen, kënnt d'Regierung mat engem extreemst vagen Text, wou d'Regierung d'Responsabilitéiten einfach op aner Leit dréckt. Dee wäert vill Problemer maachen. Et ass en Text, dee vill Suerge wäert mat sech bréngen an diskriminatoresch an onfair ass."

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet argumentéiert, dass d'Informatiounscampagne wuel breet gefächert war. Dat neit Covid-Gesetz géif effektiv net méi all Choix ënnerstëtzen, fir dem Zil méi no ze kommen. Et misst een net all Mënsch iwwerzeegen, mä et missten nach méi Leit sech impfe loossen. Déi Leit, déi net geimpft sinn, sinn net all géint de Vaccin. D'Ministesch huet eng Impfflicht ausgeschloss an och e Regimm mat nëmmen nach 2G.

D'DP klappt sech fir déi rezent Impfcampagne op d'Schëller. Et hätt een alles gemaach wat méiglech gewiescht wier, esou den DP-Deputéierte Gilles Baum. Déi 25% vun der Populatioun, déi nach net geimpft sinn, wieren net onbedéngt Impfgéigner, ma misste just weider opgekläert ginn. Déi demokratesch Partei géif de Choix vu jiddwerengem respektéieren, ma d'Rechter vun deene Leit, déi sech vun Ufank un un d'Reglementatiounen an d'Hygiènesreegele gehalen hunn, fir dës Situatioun hannert sech ze loossen, missten och mat Fräiheete belount a respektéiert ginn.

Dat neit Gesetz wier keng Impfflicht, mä eng Motivatioun. D'Zil wieren 80% Geimpfter zu Lëtzebuerger bis Mëtt Dezember an et misst een alles maachen, fir dohinner ze kommen, esou nach den DP-Deputéierten.

''Ech hu probéiert, eng respektvoll Ried ze halen, déi geimpfte Leit an déi Leit, déi nach zweiwelen, regroupéiert'', dat sot de Fraktiounspresident vun der DP, nodeems ënnert de wäiss gekleete Persounen op de Gradinen am Plenarsall eng Persoun de Mëttelfanger gewisen huet, deen eng Partie Deputéierter gesinn hunn. De Riedner war schockéiert an de Chamberpresident Fernand Etgen huet d'Visiteuren un d'Reegele bannent dem Parlament erënnert.

Opreegung no Geste vun enger Persoun op der Tribün
De Riedner Gilles Baum war schockéiert an de Chamberpresident Fernand Etgen huet d'Visiteuren un d'Reegele bannent dem Parlament erënnert.

Rezent Etüde géife weisen, datt ëmmer méi Leit denken: déi aner si jo geimpft – da muss ech jo net méi. Eng bedenklech Evolutioun, esou den LSAP-Deputéierte Georges Engel. Hien huet virun allem de Verglach mam Pass sanitaire a Frankräich an Italien gemaach. De Pass sanitaire, oder de grénge Pass, géifen hei schonn zanter Wochen, respektiv Méint existéieren. D'Mesuren zu Lëtzebuerg wieren also näischt Neies an och net méi streng ewéi soss enzwousch.

Och d'LSAP ënnersträicht, datt een de Wëllen an d'Fräiheete vun de 400.000 geimpfte Bierger misst Rechnung droen a probéieren, esou séier ewéi Méiglech nees déi al Fräiheeten ze garantéieren. An dës kéinten nach virun Dezember erëmkommen, wann den néidegen Impftaux erreecht gëtt, léisst den LSAP-Politiker duerchblécken.

Demonstratioun virun der Chamber

Um Méindeg de Moien hate sech jo eng Rei Mënsche virun der Chamber versammelt, fir géint dat neit Covid-Gesetz ze protestéieren. E puer sinn der duerno duerch de Covid- an de Sécherheetscheck gaangen, fir den Debatten am Sall nozelauschteren.

D'Chamber-Verwaltung hat Spatz kritt, dass ee sougenannte "Sit-in" iwwer divers sozial Reseaue geplangt war an huet mat verstäerktem Sécherheetspersonal dofir gesuergt, dass Zenarie wéi déi am Bundestag zu Berlin oder am Kapitol zu Washington, wou Demonstranten sech Zougang verschaaft haten, verhënnert konnte ginn.

All d'Deputéiert si bei hirer Arrivée awer ausgepaff ginn – ausser déi vun der ADR. Sinn d'Manifestante géint Impfung, géint d'Regierung, géint d'Chamber? Schwéier soen, well eis Reporter op der Plaz hu gefrot a krute leider keng Äntwerten. Kee wollt eppes an de Mikro soen.

Demonstratioun virun der Chamber
Leit protestéiere géint de Vott vum neie Covidgesetz

Déi 3 grouss Gewerkschaften stéiere sech um generaliséierte CovidCheck.

OGBL, LCGB an d’CGFP reprochéieren der Regierung, sech domadder op ganz dënnem juristeschen Äis ze beweegen an och a Punkto Dateschutz wier do nach Munches ze klären. Gefaart gi carrement Abusen an negativ Konsequenze fir Salariéen oder Fonctionnairen. De Risk vun engem Verschlechtere vum Betribsklima op ville Plaze wier jiddefalls ginn.

Dofir hunn déi 3 Syndikater der Regierung elo en Ultimatum gestallt an hätte gär, dass de Gesetzestext geännert gëtt. Si fuerderen an engem Schreiwes all d’Deputéiert op, den Artikel iwwert de CovidCheck net mat ze droen.

Wa sech d’Regierung bis Enn dës Mounts net kompromëssbereet géif weisen, géife gewerkschaftlech a juristesch Schrëtt ageleet ginn.