D'Alma huet zesumme mam Service vun der Schoul-Mediatioun am Forum Geesseknäppche Konferenzen an Table-ronden an deem Kader organiséiert.

Mediatioun a Kanner - Reportage Claudia Kollwelter

Wann ee vu Mediatioun schwätzt, sinn et dacks net evident Situatioune fir d'Kanner, egal ob am Kontext vun der Schoul, der Famill oder der Justiz. De Benoît van Keirsbilck, Expert vum Comité vun de Kannerrechter vun der UNO betount, datt d'Mediatioun dem Kand d'Gefill gëtt, datt och säi Point de vue wichteg ass.

"D'Kand muss verstoen, datt et gehéiert gëtt an och Méiglechkeet huet, ze lauschteren, wat déi aner soen. Datt et awer och net hien ass, deen eng Decisioun hëlt."

All 5 Joer mussen d'EU-Memberstaaten erklären, wéi si d'Konventioun vun de Kannerrechter ëmsetzen. Dat gëtt da vum Comité ënnert d'Lupp geholl a Recommandatioune formuléiert. Dem Benoît van Keirsbilck no wier et enorm wichteg, datt drop opgepasst gëtt, wéi d'Gesetzer applizéiert ginn. Hie nennt d'Beispill vun der Justiz vun de Mineuren:

"D'Justiz ass nach ze paternalistesch a gesäit d'Kand als Sujet an net wierklech Acteur vu senger Situatioun. Dat gesäit een zum Beispill um Fait, datt e Kand säin Affekot net eraussiche kann, wat erstaunlech ass. D'Plaz vum Kand kéint besser sinn an et gi Konfusiounen an verschidde Prozeduren."

Et kéint och net sinn, datt nach ëmmer Kanner an de Prisong gestach ginn. D'Reform vum Jugendschutzgesetz, iwwert déi jo scho Joren diskutéiert gëtt, wier sécher keen einfachen Dossier, mee:

"Ech mengen de wichtegste Punkt ass, datt d'Kand am Zentrum vun der Legislatioun steet. Et misst ee versichen d'Analys aus der Siicht vun de Kanner ze maachen. Wat versteet d'Kand vun der Prise en charge, ass de Langage adaptéiert, gëtt sech wierklech d'Fro gestallt, wat dat bescht fir d'Kand ass?"

"Mir hunn d'Situatioun am Jungedprisong zu Dräibuer iwwert de Summer analyséiert a wäerten am Laf vum Hierscht e Spezialrapport iwwert déi Situatioun presentéieren." Dat sot nach den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit. Zesumme mat der Mediatrice Claudia Monti am Ombudsmann fir d'Rechter vum Kand hätt een un engem Rapport geschafft an et wier immens wichteg no Alternativen zum Prisong ze sichen.

D'Reform am Kanner- a Jugendrecht ass jo scho laang an der Maach, ass awer elo esou lues op hirer leschter Ligne droite. Am Juli huet d'Justizministesch an deem Kader annoncéiert, datt Kanner- a Jugendschutz an d'Strofrecht fir Kanner komplett vunenee getrennt géife ginn. Béid Texter solle viraussiichtlech Enn dës Joers kënnen an der Chamber deposéiert ginn.

De Kanner eng Stëmm ginn, dat ass natierlech och fir de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher enorm wichteg:

"Wann all d'Fachleit an d'Leit déi Decisiounen iwwer Kanner huelen, sech d'Fro stellen, ob d'Stëmm vum Kand ageholl gouf, ass dat schonn en éischte Wee, d'Äis ze briechen an deene Beräicher, wou se bis elo net gehéiert ginn."

Duerch d'Reform vum Scheedungsrecht an der Aféierung vum Familljegeriicht hätt d'Plaz vum Kand eng immens Opwäertung krut. D'Mediatioun wier do als Hëllefsmëttel agesat ginn:

"An ganz vill Familljen, déi ausernee ginn, kënnen iwwert dat Mëttel verhënnere jorelaang am Konflikt ze sinn, wat fir déi betraffe Kanner en enorme Fortschrëtt ass."

Fir déi Professionell géif et drëm goen, sech ze froen, wéini et de richtege Moment wier, d'Stëmm vun de Kanner ze héieren, wéi vill Gewiicht hir Stëmm kritt a wie se héiert. Et wiere vill praktesch Froen, mat deenen d'Justizwiesen, mee och d'Verwaltungsrecht an d'Schoulwiese sech missten auserneesetzen, huet de Charles Schmit nach betount.
Bis den 23. Oktober dauert d'Woch vun der Mediatioun nach, mat där d'Organisateuren de breede Spektrum vun der Mediatioun hei am Land wëllen un d'Leit bréngen. Méi Informatiounen heiriwwer fannt een ënnert www.alma-mediation.lu