D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 842 läit.

Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 5 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 801.929 Impf-Dosisse genotzt. 978 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt, fir 316 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,17. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.