Wéi de CGDIS mellt koum et e Freideg zu fënnef Accidenter bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.

Zu Stroossen an der Route d'Arlon koum et géint 7 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad, vu Bartreng a vu Mamer versuergt.

Géint 7.16 Auer huet sech en Auto um CR307 vu Néngsen a Richtung Heeschpelt iwwerschloen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. De Samu an d'Rettungsdéngschter vu Réiden, Alebësch a Rammerech waren op der Plaz.

E puer Minutte méi spéit huet sech dann e weidert Gefier um CR142 tëscht Uewerdonwen a Fluessweiler iwwerschloen. Déi blesséiert Persoun gouf vun de Rettungsdéngschter vu Mäertert, Wuermer a Fluessweiler versuergt.

Zu Hollerech an der Rue Jean-Baptiste krute sech géint 7.50 Auer zwee Autoen ze packen. Eng Persoun gouf blesséiert. De Rettungsdéngscht aus der Stad war op der Plaz.

Géint 10.30 Auer ass e Vëlosfuerer zu Esch an der Rue de Belval gefall a blesséiert ginn. Hei waren d'Rettungsdéngschter vun Déifferdeng an Esch op der Plaz.