D'Saison vun der Klappjuegd huet ugefaangen an dauert nach bis den 31. Januar 2022.

Deen Ament heescht et also gutt oppassen. Um Internetsite geoportail.lu vum Gouvernement fënnt een déi verschidden Datumer vun de Juegten. Klickt hei, fir op d'Kaart mat den Detailer ze kommen.

D'Juegdfederatioun freet Versteesdemech vun de Leit, wann een dann net ongestéiert am Bësch spadséiere kann.

E Samschdeg zu: Munneref, Fëschbech, Fluessweiler, Fiels, Bauschelt, Miersch, Useldeng, Wal, Bäerdref, Wolz, Klierf, Kiischpelt, Ëlwen, Fréiseng, Esch-Sauer, Géisdref, Iermsdref a Beefort.

E Sonndeg zu: Veianen, Käerjeng, Rammerech, Biekerech, Béigen, Biissen, Schieren, Stauséi Géigend, Ëlwen, Stadbriedemes, Bous, Rouspert-Mompech, Buerschent an Ettelbréck.