Kuerz virun 22 Auer e Sonndeg den Owend gouf zu Wuermer eng Fahrerflucht gemellt.

Hei war e geparkten Auto beschiedegt ginn an déi schëlleg Automobilistin hat sech duerch d'Bascht gemaach. D'Police huet d'Automobilistin spéiderhin awer zu Meechtem kontrolléiert a festgestallt, datt si ze vill gedronk hat. De Permis war op der Plaz fort.

Am fréie Sonndeg den Owend gouf dann op der Route du Vin zu Meechtem e Chauffer gemellt, dee wéinst senger Fuerweis opgefall ass. Och dësen Automobilist hat ze vill gedronk an huet de Permis missen ofginn.

An der rue Fort Wallis an der Stad war géint 20.30 Auer e Sonndeg en alkoholiséierte Chauffeur géint e geparkten Auto gerannt. Duerch den Impakt gouf dobäi och nach en 2. Won beschiedegt.

Änleche Virfall um 21.15 Auer zu Leideleng an der Lëtzebuerger Strooss. Hei huet en alkoholiséierte Chauffeur ganzer 3 Ween ze paken, ier den Auto un d'Hale koum.

Béid Chauffeure goufen net blesséiert, kruten awer allen 2 hire Permis ofgeholl.