An der Nuecht op e Sonndeg gouf no 1 Auer eng Disco um Belval kontrolléiert, woubäi festgestallt gouf, datt déi nach op war, awer keng fräi Nuecht hat.

Wéi d'Beamten ukomm sinn, waren nach eng ronn 200 Leit dobannen an et huet net esou ausgesinn, wéi wa si d'Leit wéilten erausgeheien. Dëst ass eréischt geschitt, wéi d'Beamten de Verantwortlechen déi gesetzlech Bestëmmungen erkläert hunn.

Schonns de Samschdeg den Owend ware géint 1.40 Auer nach eng 100 bis 150 Leit an der Disco dobannen, och do hat ee keng fräi Nuecht ugefrot.