Bannent den nächsten 12 Méint gëtt e Projet de Loi fir d'Reform vun der Grondsteier deposéiert, hat de Premier a sengem Etat de la Nation annoncéiert.

Et ass nach ëmmer ze fréi, fir präzis Tauxen ze nennen, well nach méi déifgrënneg Analyse musse gemaach ginn, äntwert d'Inneministesch de Méindeg op eng parlamentaresch Fro vun deene Gréngen. D'Taina Bofferding schreift awer och, datt déi Steier héich genuch wäert musse sinn, fir den erwënschten Impakt ze hunn.

Déi nei Grondsteier gesäit eng nei Komponent vir, déi Terraine viséiert, déi eng gewëssen Zäit net bebaut goufen. Souwuel Baulücken ewéi Terrainen, wou nach Infrastruktur muss geluecht ginn, mä déi an Zone leien, déi prioritär fir Wunnengsbau geduecht sinn. Déi Steier wier op jiddwer Fall progressiv. An anere Wieder den Taux ass net ëmmer dee selwechten, mä geet erop a Funktioun vu gewëssene Parameter, wéi zum Beispill wéi vill ee besëtzt.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet puer Mol hei um RTL betount, d'Reform vun der Grondsteier géing awer net den Haaptwunnsëtz vun de Leit betreffen.