Jiddwer zweete Lëtzebuerg keeft oder benotzt Second-Hand Produiten.

Dat huet eng Etüd, déi vun der TNS Ilres realiséiert an dem Environnement an Optrag gi gouf, erausfonnt. Gutt 1000 Leit goufen zu hire Gewunnechte beim Akafe befrot. Quasi jiddweree fënnt och, datt d'Ërem-benotze vun engem Objet eng gutt Iddi ass an. Datt dat misst weider encouragéiert ginn.

Op der éischter Platz u Produiten, déi zu Lëtzebuerg am Second-Hand landen, fënnt ee Kleeder, Schong an aner Accessoiren. Ma och Miwwelen an elektresch Haushaltsapparater kréien ëmmer méi dacks en zweet Doheem. Kaf ginn dës awer manner a Geschäfter oder um Maart, mee um Internet, esou déi befrote Leit. Virun allem déi sozial Reseaue gëllen hei als Hotspot.

Second-Hand läit am Trend

Et ass en Trend, op deen och ëmmer méi grouss Konzerner drop sprangen. Esou huet e grousse schwedesche Miwwelhändler viru knapp 12 Méint en eegent Second-Hand Geschäft fir seng Miwwelen a Schweden opgemaach. Ëmmer méi Betriber sprangen op "d'Circular Economy", also Kreeslafwirtschaft als neien Zukunftsmodell.

Relativ wéineg Leit profitéieren allerdéngs dovunner, Saache flecken ze loossen. Der TNS Ilres Etüd no kennen zwar knapp d'Hallschent vun der Befroten de Prinzip vum Repair Café ma just 4% hu bis ewell esou ee besicht.

Och den Internetsite fléckenaléinen.lu géife just gutt 10% vun der Populatioun kennen. Nëmmen 3% hätten dëse bis ewell besicht.

9 vun 10 Leit hu schonn en Objet verschenkt, dee se net méi brauchen. D'Hallschent hu schonn Objeten als Occasioun verkaf. 5% vun der Populatioun hate bis ewell nach guer näischt mat Second-Hand um Hutt. Hei ass et virun allem déi méi jonk Populatioun, déi sech mam Ré-Emploi ausernee setzt.

De Präis, ma och de Respekt virun der Ëmwelt ginn als Grënn fir de Kaf vun engem Occasiouns-Produit genannt. E Groussdeel vun den Akeef bleiwen awer Opportunitéits-Uschafungen – heescht net geplangt, respektiv Objeten déi een net onbedéngt brauch.