D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal huet dobäi eestëmmeg nei Statutten ugeholl a gëtt sech eng nei Identitéit, déi op 3 Grondwäerter soll foussen.

Et wieren dat: kommunal, proaktiv a partizipativ.

An engem Schreiwes vun e Méindeg den Owend gëtt och präziséiert, dass den Exekutivbüro dann och nei zesummegesat gouf, aus 7 Leit, mat als President dem Marco Thomé, an dem Claude Reuter als Vizepresident.

Weider Membere sinn:

• Laurent Betti, Stad Esch, Trésorier
• Steve Hatto, Gemeng Miersch
• Giorgio Ricciardelli, Stad Déifferdeng
• Christian Weis, Gemeng Biwer
• Franky Wohl, Gemeng Dippech

Membere vum Bureau exécutif élargi sinn:

• Lynn Kettel, Gemeng Wormer
• Théo Schickes, TICE vun Esch
• Anne Schiltz, Stad Diddeleng