Eleng an de leschte Méint wieren där 8 dobäi komm, woubäi parallel zwou aner Entreprisen hir Presenz do opginn hunn.

D'Emirater an de Grand-Duché - Zwee Länner, déi komplett verschidde sinn an awer eng Rei Gemeinsamkeeten hunn, ënner anerem gëtt et eng gutt wirtschaftlech Relatioun a genee déi soll elo weider verdéift ginn.

An de leschten Deeg war eng Lëtzebuerger Delegatioun op Wirtschaftsmissioun an den Emirater. De Schwéierpunkt louch um Beräich "Space". Wat gëtt sech vun sou enger Missioun erwaart? Där Fro ass de Pit Everling zu Dubai nogaangen.

Space-Missioun zu Dubai / Reportage vum Pit Everling

Et war déi éischt reell Wirtschaftsmissioun zanter Corona. D'Lëtzebuerger Delegatioun ronderëm de Wirtschaftsminister Fayot gëtt net midd ze betounen, wéi gutt d'Relatiounen tëscht béide Staaten elo scho sinn, zum Beispill huet Lëtzebuerg eng Ambassade zu Abu Dhabi. Ënner anerem gëtt et Kontakter tëscht den Unien, de Space-Agencen an et gëtt eng Lëtzebuerger Relatioun mat der "Dubai Future Foundatioun".
Nieft dem Pavillon op der  Weltausstellung géif et effektiv eng ganz Rei wirtschaftlech Interesse  ginn, sou den zoustännege Minister Franz Fayot:

"D'Emirater sinn den éischten Handelspartner an der Golf-Regioun fir Lëtzebuerg. Mir hunn eng ganz Rei Betriber, déi hei aktiv sinn".

Ëmmer méi Lëtzebuerger Firme géife sech an den Emirater néierloossen, eleng an de leschte Méint wieren där 8 dobäi komm, woubäi parallel zwou aner Entreprisen hir Presenz do opginn hunn. Op alle Fall wier den Interêt no wéi vir grouss.

"Dat weist sech un deene Missiounen, déi hei organiséiert ginn. D'Chambre de Commerce hat eng éischt d'lescht Woch am Beräich vum ITC, déi ganz gutt besicht war. Déi vum Space dës Woch ass och ganz gutt besicht".

Am Zentrum vun der Missioun steet déi international Astronaute-Foire. Lëtzebuerg ass mat engem Pavillon a mat 8 Exposante present. D'Chambre de Commerce ass houfreg drop, datt am Ganze méi wéi 30 Firme mat op Dubai komm sinn, fir bei der Missioun dobäi ze sinn.

Den Direkter Carlo Thelen gesäit eng grouss Dynamik an den Emirater an et wier wichteg, am Kader vun der Space-Missioun, op der genannter Foire dobäi ze sinn.

"wou et e ganz tailor-made Programm gëtt fir alleguer d'Acteuren, déi sech kënne begéinen, wou dann och matchmaking Plattformen do sinn. Et gëtt Konferenzen, Seminairen, Panelen".

Wat fir Erwaardungen an Hoffnunge setzt d'Chambre de Commerce dann a sou eng Missioun an an esou eng Foire?

"Mir erhoffen eis, datt d'Betriber zefridde sinn an datt se d'nächst Kéier nach eng Kéier matkommen. An dat ass bis elo ëmmer de Fall. Mer hunn oft déi nämmlecht, déi matkommen an awer ëmmer rëm Neier, déi dobäikommen. Virun allem bei dëser Space-Missioun, wann een elo d'Broschür kuckt, dat sinn alles Betriber, déi sinn déi éischte Kéier dobäi. Dat sinn alles ganz Neier, do si mer ganz frou. Si soen eis och net ëmmer direkt wéi vill Kontakter, dass si elo gemaach hunn, mä oft kréie mir dat am Nohinein gewuer".

Natierlech hofft een op Kontakter an eventuell och Kontrakter.

Tatsächlech huet Lëtzebuerg am Kader vun dëser Space-Missioun eng Partie Kooperatiounsaccorden ënnerschriwwen, dat mat der italienescher Space-Agence, mat Airbus a mam franséische Centre National d'études spatiales.

Déi nächst Wirtschaftsmissioune si scho geplangt, d'nächst Joer soll et fir de Minister Fayot ënner anerem a Kanada an a Südkorea goen.

Schreiwes

France and Luxembourg sign a new framework agreement on space cooperation (26.10.2021)

Released by : Ministry of the Economy / Luxembourg Space Agency (LSA)

The Grand Duchy of Luxembourg and France today signed a framework agreement that will strengthen and deepen cooperation between the two countries’ space agencies and their space sector. A first Framework Agreement was signed between the two countries in 2009, which came to an end in 2015. This renewed collaboration reaffirms the will of France and Luxembourg to collaborate and makes a focus on the development of concrete bilateral projects. Dr. Marc Serres, CEO of the Luxembourg Space Agency, signed the MoU for the Grand Duchy. Dr Philippe Baptiste, President General Director of the CNES, signed for France.

The Framework Agreement will serve as a basis to reinforce the favorable framework of cooperation, sharing of expertise and exchange of information between Luxembourg and France. It also aims at developing concrete cooperation activities including for example: training initiatives for students and researchers, communication activities towards lay audiences, or joint organization of seminars, workshops, and symposiums. In particular, the Agencies will aim at increasing collaboration in the fields of space exploration and sustainable space resources utilization. The two countries intend to further facilitate cooperation between the space agencies, but also between national research institutes and private sector space companies.

The framework agreement will also strengthen policy coordination between the two countries on the European and international space stage.

Luxembourg’s Minister of the Economy, Franz Fayot, declared: "Since the signing of a first framework agreement in 2009, France and Luxembourg have been able to share expertise and conduct several workshops together. In the meantime, we have successfully launched the SpaceResources.lu initiative, the Luxembourg Space Agency and more recently the European Space Resources Innovation Center (ESRIC), which is why the establishment of a new framework agreement made sense. As a major player in space Europe, France has unparalleled know-how with CNES, which is why I am delighted with this agreement which will make it possible to strengthen cooperation between private and public entities of our two countries, with a particular focus on activities related to space resources."

About LSA
Established in 2018 with the goal of developing the national space sector, the Luxembourg Space Agency (LSA) fosters new and existing companies, develops human resources, facilitates access to funding and provides support for academic research. The agency implements the national space economic development strategy, manages national space research and development programs, and leads the SpaceResources.lu initiative. The LSA also represents Luxembourg within the European Space Agency, as well as the space related programs of the European Union and the United Nations.