Dëse Weier huet fréier d'Héichiewe vun der Déifferdenger Schmelz gekillt. Elo hëlleft en Energie ze produzéieren. Méi genee erneierbar Energie.

60.000 Meterkaree grouss ass de Killweier vun ArcelorMittal. Op enger Surface vu 25.000 Meterkaree steet elo eng Photovoltaïque-Anlag. Am Total sinn et iwwer 6.700 Panneauen.

Wärend 6 Méint gouf d'Anlag um Waasser installéiert. Eng Première hei zu Lëtzebuerg. Grénge Stroum gëtt domadder op dëser Plaz produzéiert. Eng Solaranlag, déi um Waasser schwëmmt. 15 Prozent vum Stroum gëtt hei am Land hiergestallt. De Rescht muss importéiert ginn.

Dräi Gigawattstonne kënne mat dëser Anlag um Waasser pro Joer produzéiert ginn. Domadder kënnen eng 800 Stéit vun all Kéiers véier Persoune pro Menage mat erneierbarem Stroum versuergt ginn. Sou grouss Anlagen ewéi déi, déi hei zu Déifferdeng, géifen eis e grousse Schrack a Saache Klimaschutz virubréngen. Sou heescht et.