An hirem Bulletin e Mëttwoch de Moie mellt de CGDIS 12 Blesséierter bei 5 Accidenter.

Bei enger Kollisioun tëscht 3 Gefierer e Mëttwoch de Moie géint 6.55 Auer zu Nidderkäerjeng an der Rue Jules Hemmer goufe 7 Leit liicht blesséiert.

Géint 7.15 Auer gouf et e weideren Accident mat 3 Autoen, dat um CR1741 tëscht dem Birelerhaff a Schraasseg. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Um CR321 tëscht Géisdref an Dol krute sech géint 7.45 Auer zwee Autoen ze paken, hei mellt de CGDIS 2 Blesséierter.

Zu Bouneweg gouf et eng Kollisioun tëscht eng Camion an engem Auto, och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Géint 9.15 Auer ass dann nach zu Déifferdeng an der Rue de la Montagne e Foussgänger ugestouss ginn.

Dënschdeg

Géint 19.50 Auer gouf an der Michel-Rodange-Strooss zu Déifferdeng eng Persoun vun engem Auto ugestouss.

D'Police mellt dann nach, datt Beamte kuerz virun 21 Auer en Dënschdeg den Owend e Won op der N2 bei Mutfert gestoppt hunn. D'Automobilistin hat ze vill gedronk, de Permis ass fort.