Dat deelen d'Zerwisser vun der Sécurité alimentaire mat. D'Mëschung kéint Spuere vum Bacillus cereus opweisen.

De Produit "Mélange d'éices / Herbes à l'italienne 35g" mat der Produktnummer 4104420028326, mam Oflafdatum vum "31.07.2024" ass concernéiert.

De Bacillus cereus kann no der Consommatioun bannent 16 Stonnen Symptomer wéi Erbriechen oder Duerchfall opweisen.

De Produit gouf am Cactus aus de Regaler geholl, kéint awer och bei anere Supermarchéë verkaf ginn.

Offiziellt Schreiwes vum Delhaize mat de genauen Informatiounen zum betraffene Produit.

RTL