Dës Kollektivvertrag gëllt vum 1. Januar 2021 bis den 31. Dezember 2023.

Bei der Tubaksfirma Heintz van Landewyck gouf en neie Kollektivvertrag ënnerschreiwen, sou den OGBL an den LCGB. E gëllt 3 Joer laang fir déi 3 Societéite vum Grupp. Dem Statec no beschäftegt d’Firma eng 560 Leit.

Ënnert anerem kréien d’Salariéë vun Heintz van Landewyck eng Primm vun 1,5 Prozent vum Salaire, fir d’Méint nom 1. Januar a bis d’Indextranche vun Oktober ausbezuelt ginn ass. Änlech sollen d’Paien d’nächst Joer ugepasst ginn.

Donieft gëtt et eng Primm vun 250 Euro fir den 175. Anniversaire vun der Firma am Juni d’nächst Joer.

Weider heescht et, déi automatesch Haussë vun de Paie fir déi intellektuell Salariéë gëtt bäibehalen, bei de Col Bleuen, de manuellen Aarbechter also, géing d’Paien-Tabelle ugepasst ginn.