Op der Iechternacherstrooss zu Manternach steet dat fréiert Gemengenhaus.

Bis Mëtt de 90er Jore waren hei d'Büroe vun der Gemengeverwaltung ënnerbruecht. Och Schoulklassen. D'Haus kritt elo eng nei Bestëmmung. Wou soss Classeure gestapelt goufen, spillen an e puer Joer Kanner. D'Gebai staamt aus der 1. Hallschent vum leschte Joerhonnert. D'Iddi ass et, fir d'Grondstruktur z'erhalen.

D'Gemen zielt eng 2.200 Awunner. Well d'Gemeng wiisst, gi méi Crèchëplaze gebraucht.

Un dat aktuellt Haus gëtt en Neibau ugebaut. Eng 57 Kanner kënnen hei betreit ginn. Maximal 15 pro Sall. Enn 2024 soll d'Crèche hir Dieren opmaachen.

Energetesch soll gebaut ginn. Eng Fernwärmestatioun ass geplangt. Dës soll duerno d'Gemeng, d'Crèche an de Centre Culturel hëtzen. 5 Milliounen Euro kaschten d'Ëm- an d'Ausbauaarbechten.