D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 862 läit.

Aktuell sinn 49 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 880.176 Impf-Dosisse genotzt. 3.068 Leit sinn e Méindeg geimpft ginn. 425.854 Leit gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,15. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. D'Santé zielt aktuell 3.445 aktiv Infektiounen.