De Lëtzebuerger Ausseministère weess deemno näischt dovunner, datt CAE soll un enger franséischer Geheimdéngscht-Aktioun bedeelegt gewiescht sinn.

D'ONG "Disclose" hat eng Recherche public gemeet, wouraus ervir geet, datt CAE Aviation-Personal an e Fliger fir d'Surveillance-Missioun "Sirli" un der Grenz tëscht Ägypten a Lybien zur Dispositioun gestallt huet.

A senger Äntwert op dës Reprochë seet den Ausseminister, datt et déi franséisch Autoritéite gewiescht wieren, déi e Kontrakt mat der Lëtzebuerger Firma ofgeschloss hätten. Deemno wier et och Frankräich, wou misst driwwer jugéiert ginn, ob et zu Verstéiss oder Illegalitéite bei der Missioun komm ass.

Diplomatesch Demarchë géif Lëtzebuerg allemol net plangen, sou den Ausseminister Asselborn.

Et war d'Deputéiert vun Déi Lénk Nathalie Oberweis, déi dës Froen iwwert d'geheim Missioun un der libescher Grenz mat Lienen op Lëtzebuerg opgeworf hat.

CAE Aviation mat Sëtz um Findel huet aktuell eng Flott vu 7 Fligeren, déi spezifesch fir militäresch Observatiouns-Missioune kënnen an den Asaz kommen.

Duerch de Kontrakt mam franséische Militär-Geheimdéngscht soll d'Lëtzebuerger Firma der ONG "Disclose" no zanter 2016 bal 19 Millioune verdéngt gehat hunn.