Entspriechend Rumeuren huet den Deputé-Maire Georges Mischo dem Tageblatt um Mëttwoch am Kader vun der Budgetspresentatioun confirméiert.

Deemno mécht d'Post hir Agencen zu Lalleng respektiv an der Bielesser-Strooss komplett zou. D'Gebai zu Lalleng gehéiert der Escher Gemeng, wou eng 100.000 Euro investéiert ginn, fir an dësem Gebai e Büro fir sozial Froe vun eelere Leit ze schafen.

Nieft de Post-Shoppe bleift deemno nëmmen nach een eenzegt grousst Post-Gebai mat Guicheten am Zentrum vun der Minettemetropole.

D'ULC verurteelt dës Decisioun vun der Post a qualifizéiert se als onsozial, vrun allem par Rapport zu Leit wéi eeleren oder ufällege Persounen, déi op e Guichet-Service ugewise sinn.

Datt d'Leit sollen op Online Banking zeréckgräifen, stellt fir d'ULC allemol keen Argument duer, datt d'Fermeture kéint justifiéieren, ëmsou méi wou de Staat de Proprietär vum Post-Grupp ass.

Datt ëmmer méi Post-Büroen zoumaachen, géif och derzou bäidroen, datt d'Uertschaften eidel ginn an op eng gewëss Manéier latzeg a gro ginn.