D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 862 läit.

Aktuell sinn 48 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 11 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 885.124 Impf-Dosisse genotzt. 4.952 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn. 426.659 Leit gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.