D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 864 läit.

Aktuell sinn 53 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 11 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 890.290 Impf-Dosisse genotzt. 4.092 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn. 427.360 Leit gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.