Den Téléthon ass schonn zënter enger gewësser Zäit e feste Bestanddeel vum ëffentleche Lëtzebuerger Joreskalenner.

D’Origine vum Téléthon ginn zeréck op 1986 an Amerika. De Pierre Birambeau war deen éischten an Europa deen sech fir dat amerikanescht Experiment interesséiert an agesat huet.

Aner Versich a Frankräich haten net déi néideg Ënnerstëtzung, well d’Leit allgemeng net dru gegleeft hunn dass esou eng Initiative an Europa e Succès kéint hunn.

D’Televisiounschaîne France 2 an d’Lions Clibb a Frankräich, där hir Memberen iwweregens déi éischt waren déi op d’Telefone vun den alleréischten Donateure geäntwert hunn, hunn sech all als Partner zesummefonnt. Och wann deemools d’Erwaardungen net besonnesch héich waren, ass de franséischen Téléthon am Dezember 1987 an d’Liewe geruff ginn. Ganz séier hat déi europäesch-franséisch Versioun méi Succès wéi den us-amerikaneschen Original. Eng Anekdot um Rand; déi digital Tafel fir Donen unzeweisen hat just 8 Plazen. Well awer d’Done méi héich waren, huet missen eng 9. Ziffer mat der Hand dobäi gesat gi fir déi ganz Zomm ze affichéieren. Et waren dat Joer iwwer 181,4 Millioune franséisch Frang (27,6 Millioune €) zesumme komm.

1993, hunn zwee franséisch-Lëtzebuerger Artiste mam Lucien Schweitzer Kontakt opgeholl, ee vun hinnen hat an sengem Entourage eng Persoun déi ënnert enger Myopathie Duchenne gelidden huet. Zesummen an inspiréiert duerch dee rezente Succès vum Téléthon a Frankräich hunn sech déi dräi d’Fro gestallt op esou eng Iddi net och zu Lëtzebuerg kéint fonctionéieren. Zesumme mat anere Partner, un éischter Stell de Lions Club Gehaansbierg ass den éischten Téléthon zu Lëtzebuerg 1993 entstanen. En éischte Centre de Promesses mat 4 Telefonen huet an déi 700.000 Lëtzebuerger Frang als Done versprach kritt (17.500€). An der Tëschenzäit hunn sech iwweregens all d’Lions Clibb zu Lëtzebuerg fir den Téléthon engagéiert a sinn all Joers mat grousser Begeeschterung dobäi.

D’Donen déi am Centre de Promesse gesammelt a fir d’Recherche géint déi rar Krankheeten agesat ginn, beweisen zënter 1993, all Joers op en neits, d’Generositéit vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an de sëllege Partner. Grad déi sinn ëmmer nees mat voller Begeeschterung an Asaz bäi der Saach. Déi leschten Téléthon huet 163.000 € gesammelt. Mir hoffen op dee selwechte Succès dëst Joer, 2021, e Joer wat leider och nees vun der Pandemie gezeechent ass.

Weider Informatiounen