Trotz héijen Infektiounszuele geet si aktuell net vun engem Lockdown aus oder dovunner, datt Evenementer oder Rassemblementer nees kéinte limitéiert ginn.

D'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg sot um RTL-Mikro e Freideg de Mëtteg: "Ech si gewinnt, datt d'Regierung, wa se aschneidend Moossnamen hëlt, se fir d'éischt mat eis schwätzt, an ech kann net soen, datt dat bis elo geschitt wier".

D'Lydie Polfer sot awer och, datt "Tester muss ee warscheinlech och nees an Zukunft maachen, och wann ee vaccinéiert ass". Well d'Impfung schwéier Verleef vun der Krankheet géing vermeiden, huet d'Stater Buergermeeschtesch awer op en Neits un d'Leit appelléiert, sech impfen ze loossen.