D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 866 läit.

Aktuell sinn 53 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 10 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 895.374 Impf-Dosisse genotzt. 5.099 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn. 428.134 Leit gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,18. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.