De Krautmaart huet e Freideg de ganzen Dag iwwer Jonker tëscht 13 an 30 Joer aus verschiddene Lycéeën, Unien an och mat Beruffserfarung empfaangen.

De Jugendkonvent ass eng Aktioun, déi ee mol d‘Joer vum Jugendrot proposéiert gëtt an an der Chamber ofgehale gëtt. Konkret ginn de Jonken thematesch Atelieren ugebueden, déi aktuell Sujeten traitéieren, ewéi d‘mental Gesondheet, d‘Wunnen zu Lëtzebuerg an Durabilitéit.

De Jugendkonvent an der Chamber / Reportage Tim Morizet

Fir een Dag war d‘Altersmoyenne an der Chamber e gutt Séckche méi niddereg, ewéi gewinnt. Fir d‘Politik wier dëst e wichtegt Evenement fir ze wëssen, wat um Terrain lass ass, esou de Mars di Bartolomeo a senger Roll als Vize-Chamberpresident.

Mir diskutéieren a decidéiere ganz dacks iwwer Saachen, déi déi Jonk betreffen – wou déi Jonk nach vill méi laang betraff sinn, ewéi mir hei an der Chamber. Dofir ass et wichteg dës Meenung ze héieren.“

Virun allem d‘Thema mental Gesondheet stoung dëst Joer am Fokus. Besonnesch duerch déi aktuell Ëmstänn. Virun allem am pedagogesche Beräich géif et hei Deels u Professionalitéit feelen, esou d‘Schüler.

Dofir fuerdere mir, datt eng obligatoresch Formatioun am pedagogesche Beräich fir Proffen an d'Léierpersonal duerchgefouert gëtt. Dat zum Wuel vun der mentaler Gesondheet, déi se dann am Alldag an hirem Beruff kënnen uwenden.“

Konkret géif et drëms goen, d‘Proffe bei hirer Analys vun de Besoine vum Schüler ze stäerken. De CEPAS, de fréiere SPOS, géif dacks kaum bis spéit bei Problemer mat u Bord geholl ginn, esou eng Schülerin.

Fir an de CEPAS ze goen, muss de Schüler den éischte Schratt maachen. D‘Iddi hannert eiser Demande ass, datt d‘Proffen och Problemer besser identifizéiere kënnen, fir dat mam Schüler klären ze kënnen. E Schüler, deen zum Beispill ënner Depressioun leit, geet dacks net vum selwen an de CEPAS, fir no Hëllef ze froen.“

Den Educatiounsminister Claude Meisch reagéiert – et wier schwéier, d‘Léierpersonal zu esou enger Formatioun ze obligéieren. Ma dës géifen ëmmer méi populär ginn.

Mir hu 16 Stonnen am Joer obligatoresch "Formation continue", do mussen d‘Enseignanten sech selwer eraussichen, a wéi engem Beräich dës sinn. De Beräich vun der mentaler Gesondheet huet zougeholl an d‘Nofro, ewéi d‘Besetzung vun esou Formatiounen, klëmmt awer.“

An dësem Beräich géif effektiv grad vill zu Lëtzebuerg geschafft ginn, esou Dr. Juliana D‘Alimonte vun der Gesondheetsdirektioun. De Centre d‘Information et Prevention géif hei eng nei Formatioun ubidden.

Dat ass eng Formatioun, déi mer vun den Australier iwwerholl hunn a vun deene mer d‘Lizenzen och elo kaf hunn. Si hu gutt Erfarunge mat dëser iwwert déi lëscht 15 Joer gesammelt. D‘Iddi war et, déi Formatioun jiddwerengem unzebidden.“

Hei koum zu Retarden duerch déi aktuell Pandemie. An engem zweete Schrëtt sollt och d‘Léierpersonal vun dëser Formatioun profitéieren.

Eist Zill ass, datt mindestens ee Proff deen d‘Klass dann och huet, ausgebilt ass. Da gëllt et fir d‘éischt eng Promotioun ze maachen an an der Klass opzeklären. En anere Volet ass dann och Detektioun.“

D‘LSAP-Deputéiert Francine Closener wënscht sech an deem Kader och Tuteure fir d‘Schüler.

Well en Tuteur gesäit seng Schüler jo méi, kennt se besser, a gesäit wann eppes klappt a bemol net méi klappt. Dat wier intressant an all Lycée anzeféieren.“

Et wier iwwerdeems wichteg, de Schüler och d‘Material an déi néideg Kontakter fir Hëllef besser ze presentéieren, esou déi Jonk de Freideg. Et wënscht ee sech och méi Informatiounscampagnen, déi besser iwwer d‘mental Gesondheet opklären.