D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 889 läit.

Aktuell si 72 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 21 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 947.086 Impf-Dosisse genotzt. 6.549 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn.

En Dënschdeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 164,06 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 75,37 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.