D'Partei huet betount, datt si sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch asetzt a bedauert, datt am Sproochegesetz näischt iwwer offiziell Sproochen drasteet.

Par conter ass eng Landessprooch, also d’Lëtzebuergescht opgelëscht, dräi administrativ Sproochen - Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch - an eng Sprooch fir d’Gesetzer, nämlech déi franséisch.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass an der Kris an dat wier och eng Situatioun, déi een am Alldag géing bemierken, esou de Fred Keup a senger Ried op der Pressekonferenz en Dënschdeg de Moien. Den Deputéierten huet vun Angscht geschwat, wat d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeet. Dass och beim Staat ëmmer Leit géingen agestallt ginn, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, wier dem Fred Keup no e Problem. Hien huet dofir eng parlamentaresch Fro zitéiert, an där steet, dass vun 2.000 Leit, déi a ronn engem Joer agestallt goufen, 220 Persoune kee Lëtzebuergesch kënnen.

E weidere Kritikpunkt vun der ADR war dann déi méisproocheg Fréierzéiung vun de Kanner an de Crèchen. Do géing déi Lëtzebuerger Sprooch dacks vill manner promouvéiert oder benotzt ginn, wéi all déi aner. Et wier och net gutt, dass de Staat net weess wéi vill Leit, déi an de Crèche schaffen, och Lëtzebuergesch kënnen. Och dofir huet de Fred Keup d’Äntwert op eng parlamentaresch Fro zitéiert.

Doduerch, dass déi Lëtzebuerger Sprooch am Alldag net genuch géing an de Virdergrond gestallt ginn, hätten och Leit, déi aus dem Ausland heihinner plënneren, keng wierklech Motivatioun fir Lëtzebuergesch ze léieren, argumentéiert de Fred Keup. Als Beispill dofir, dass déi Lëtzebuerger Sprooch net genuch vertrueden ass, huet den Deputéierten den neie Stadion, déi meeschte Stroossennimm oder och d’Statioune vum Tram genannt.

D’Sprooch géing net wichteg genuch geholl ginn an als iwwerflësseg behandelt ginn, ass deemno d’Fazit vum Fred Keup.