De 14. November géint 2.40 Auer koum et bei der Unterführung vum Tunnel Biff zu engem déidlechen Accident.

Wéi d'Police deemools gemellt hat, wier en Automobilist, deen op der N31 a Richtung Käerjeng ënnerwee war, wuel kuerz virun der Unterführung ënnert dem Rond-point Biff op d'Géigespuer geroden a war do frontal mat engem Auto kollidéiert, deen entgéintkoum.

Eng 22 Joer jonk Automobilistin aus Frankräich ass nach op der Plaz un hiren uerge Blessure gestuerwen. Och fir e 40 Joer alen Awunner vun Diddeleng sollt all Hëllef ze spéit kommen. E Mëttwoch, den 1. Dezember, huet d'Police matgedeelt, datt eng 19 Joer jonk Fra aus dem belsche Grenzgebitt, déi hospitaliséiert war, den 30. November un de Suitte vun hiren uerge Blessure gestuerwen ass.

Well de Chauffer vum Gefier, deen a Richtung Käerjeng ënnerwee war, ënnert Alkoholafloss stoung, gouf hien op Uerder vum Parquet verhaft.