D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 876 läit.

Aktuell si 64 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 914.108 Impf-Dosisse genotzt. 7.080 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.