D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonne 935 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg si fënnef weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 885.

Bannent de leschten 72 Stonne gouf et 935 positiv Fäll bei 10.832 Tester. 105 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 359 e Samschdeg an 471 e Freideg. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 24,44 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 12,56 op 100.000.

Den Ament si 70 Persounen hospitaliséiert, dovunner 22 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 936.634 Impf-Dosisse genotzt, 433.307 Leit gëllen als komplett geimpft.

Aktuell ginn et 5.098 aktiv Infektiounen, 85.726 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.