D’Fondatioun fir d’Erënnerung un d’Shoah dogéint, déi kritiséiert d’Incidenten vum Weekend sou wéi de Mëssbrauch vum Juddestär schaarf.

No den Incidente bei der net ugemellter Manifestatioun vun e Samschdeg huet de Parquet – Stand haut - nach keng juristesch Poursuitten an d’Weeër geleet, sou d’Porte-parole vun der Justiz op Nofro hin. Mat Faiten, ewéi zum Beispill Verstéiss géint d’Covid-Reegelen, d’Ëmgeheie vum Gelänner um Chrëschtmaart oder d’Zerschréipse vun engem Auto, wier de Parquet nach net befaasst ginn.

D’Police misst elo mol enquêtéieren, verdächteg Täter identifizéieren, déi mat konkrete Strofdote kéinten a Verbindung bruecht ginn an eventuell Zeien héieren. De Parquet war net um Terrain a muss op d’Rapporte vun der Police waarden an dat géing net vun elo op direkt goen. De Parquet wäert dowéinst zu dësem Ament net hypothetesch Stellung huelen. De Policeminister Henri Kox hat jo dëse Sonndeg op jidder Fall Enquêtë vun der Police annoncéiert.

Mëssbrauch vum Juddestär a Vergläicher mam Holocaust

D’Fondatioun fir d'Erënnerung un d’Shoah, déi kritiséiert d’Incidente vum Weekend sou wéi de Mëssbrauch vum Juddestär schaarf. D’Fondatioun erënnert drun, datt de Juddestär vun de Nazie benotzt gouf, fir d’Judden ze verfollegen an dat mam Zil se z’exterminéieren. Sech net wëllen impfe loossen oder géint d’Covid-Mesuren ze sinn dat wier "eng Saach", sou de President vun der Fondatioun, de Laurent Moyse, am RTL-Interview.

Et mat der Ermordung vu bal 6 Millioune Judden am zweete Weltkrich ze vergläichen, dat wier inacceptabel. Ze mengen d’Covid-Mesurë wieren den Ufank vun engem totalitären oder faschistesche Regime, dat wier dem Laurent Moyse no "Kabes". D’Nazien hate vun Ufank un eng kloer Ideologie, mee haut wier een an enger Demokratie wou jidderee ka matschwätzen. Allerdéngs géing et nieft de Rechter och Flichte ginn a wärend enger Pandemie wier een ebe kollektiv gefuerdert. Un d’Autoritéiten ass et den Appell fir alles an d’Weeër ze leeden, fir esou Handlungen z’ënnerbannen.

Huet d’Lëtzebuerger Justiz da Moyene fir géint de Mëssbrauch vum Juddestär oder inacceptabel Vergläicher mam Holocaust virzegoen? D’Katastroph vun der jiddescher Communautéit wärend dem Nazi-Regime ze leegnen oder kléng ze spillen ass e Verbrieche mat potentieller Prisongsstrof, erkläert den Affekot Frank Wies op Nofro hin. Allerdéngs soen d’Manifestante jo net et wier ni eng Juddeverfolgung ginn: si soen si géingen d’selwecht behandelt ginn a spillen d’Juddeverfolgung also net direkt, mee indirekt erof.

Aus der Siicht vum Parquet misst een dem Frank Wies no sech also d’Fro stellen, ob et opportun ass, déi Leit ze poursuivéieren. Hie warnt nämlech, datt wann e Geriicht déi Leit duerno fräisprécht, déi Leit doduercher riskéiere gestäerkt ze ginn. De Frank Wies seet selwer hie wier gespléckt, well hien engersäits d’Gefill huet, et misst een alles maache wat ee kann fir dat z’ënnerbannen, mee op der anerer Säit wier hien ee grousse Verfechter vun der Meenungsfräiheet.

Stater Gemengerot iwwert d'Ausschreidungen

D‘Police hätt gutt reagéiert, d‘Situatioun entschäerft an dofir gesuergt dass kengem eppes geschitt wier. An awer misst d‘Stad Lëtzebuerg elo zesumme mat der Police dofir suergen, dass et an Zukunft net méi zu Gewalt bei Manifestatioune géif kommen, esou de grénge Gemengeconseiller François Benoy als Reaktioun op d‘Ausschreidunge vum leschte Samschdeg.

De François Benoy war e Samschdeg wärend der Demonstratioun selwer an der Stad ënnerwee. D‘Police hätt duerch vill Presenz d‘Situatioun gutt deseskaléiert, esou dass näischt méi Schlëmmes geschitt wier, esou de Gemengeconseiller. An och d‘Gemeng hätt gutt reagéiert, andeems si d‘Chrëschtmäert mat Zäit zougemaach hätt. Ma och wann et just eng Minoritéit wier, wier elo kloer, dass et eng Bereetschaft zu Gewalt an der Populatioun géif ginn. Dowéinst misst d‘Police sech an Zukunft nach besser op esou Situatioune preparéieren, esou dass déi Leit guer net bis an d‘Chrëschtmäert kéimen, fënnt de François Benoy.

An enger Reunioun mam Policeminister Henri Kox a Vertrieder vum Parquet huet de Stater Schäfferot e Méindeg de Moien doriwwer diskutéiert, wéi een och Manifestatiounen, déi net offiziell bei der Gemeng ugemellt ginn, kann esou encadréieren, dass net stënterlech musse Chrëschtmäert zougemaach a Stroosse gespaart ginn. De Schäfferot hätt der Police-Direktioun dann och kloer gesot, dass déi néideg Mesure misste geholl ginn, fir bei zukünftegen Demonstratiounen d‘Bierger vun der Stad genee wéi d‘Stänn an d‘Visiteuren op de Chrëschtmäert maximal ze schützen, seet den CSV-Schäffe Laurent Mosar.

Ma weder d‘Police nach d‘Gemeng Lëtzebuerg kéinten esou Demonstratiounen ofsoen, esou nach de Laurent Mosar. Deemno missten dës esou encadréiert ginn, dass sech eng Situatioun wéi leschte Samschdeg net méi widderhëlt.