Den RTL-Korrespondent Philip Crowther kritt dëst Joer e Präis fir “Professional excellence” vun der auslännescher Korrespondenten-Associatioun an Amerika.

De Philip Crowther, dee Reporter bei Associated Press ass, ass zu Washington stationéiert ,wou hie sech ëm d'Noriichten aus dem Wäissen Haus këmmert. Mä hie reest och duerch ganz Amerika, fir aus diverse Géigende vun de Vereenegte Staate vum Terrain ze beriichten. Hie schwätzt fléissend sechs Sproochen (Englesch, Spuenesch, Franséisch, Portugisesch, Däitsch a Lëtzebuergesch). Am leschte Joer huet de Philip Crowther och d'UN-Weltklimakonferenz zu Glasgow an d'Olympesch Spiller zu Tokio couvréiert an huet sech live aus dem Pakistan gemellt, ewéi d'Evakuatiounen aus dem Afghanistan amgaange waren.

Dës Qualitéiten hunn de Jury vun der "Foreign Press Correspondents Association" iwwerzeegt. Zënter 5 Joer schafft de Philip Crowther och fir RTL Télé Lëtzebuerg.

D'Präisiwwerreechung ass den 22. Dezember. Dir kënnt d'Zeremonie am Livestream op der Youtube-Säit vun der "Association Foreign Press Correspondent's" suivéieren. Weider Detailer an en Interview mam Philip Crowther fannt Dir op foreignpress.org.