Wéi et vun der Santé heescht, war dësen "net méi an der Gonscht vum Public". Ewell zanter Mëtt September waren d'Liwwerunge mat deem Produit gestoppt ginn.

Op den 30. November ass dann och nach de Verfallsdatum vun 130 Këschten Vaccin erreecht ginn, sou datt ronn 13.100 Vaxzevria-Dossissen aus dem nationale Stock erausgeholl an zerstéiert goufen. Dës Decisioun gouf ënnert anerem geholl, well och déi néideg Donnéeë vum Produzent net virloungen, déi hätte kéinte beleeën, datt d'Qualitéit vum Vaccin iwwert de Verfallsdatum ze garantéiere gewiescht wier. Och aus dësem Grond, hätt een de Vaccin net kéinten als "Don"weiderginn.

Dat preziséiert d'Gesondheetsministesch Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierten Clement.

D'Pirate soe sech entsat driwwer, datt Vaccin huet missten zerstéiert ginn. Ëmmerhi wieren domat Käschte vun geschaten 30.000 € verbonne gewiecht.

D'Partei weist op en aneren Datum an 20 Deeg hin: de 27. Dezember leeft nämlech de Verfallsdatum vu verschiddene Stocke vum Moderna-Vaccin of. D'Regierung gëtt gefrot e Plang ze presentéieren, dee verhënnert, datt dann nees ofgelafe Vaccine missten zerstéiert ginn.