Wéi kann ee virgoen, wann eng Persoun, déi ouni déi néideg Pabeieren hei am Land ass, eng Strofdot begeet?

Eng erweidert parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar zu dësem Thema ass en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber diskutéiert ginn. Gestallt gouf d'Fro ronderëm d'Diskussioun iwwer d'Sécherheet op der Stater Gare. Woubäi een do eng kloer Grenz misst zéien, huet den Ausseminister Jean Asselborn geäntwert. Leit, déi keng Pabeieren hunn, dierften net automatesch kriminaliséiert ginn. Mä géint Persounen, déi kriminell ginn a bei deenen dat kloer ka nogewise ginn, misst ee virgoen.

Wéi virgoen, wa Leit ouni Pabeiere kriminell ginn? / Reportage Monica Camposeo

Internationaalt Recht gesäit vir, dass d'Länner hir Landsleit mussen nees ophuelen. Ma do wier een awer och op de gudde Wëlle vun deene Länner ugewisen, den Ausseminister Jean Asselborn huet erkläert, dass sech do besonnesch Länner wéi Marokko, Algerien an Tunesien drécken. Dat wier allgemeng bekannt. Eng Pist wier et ze verhandelen.

Um Niveau vun der europäescher Unioun ginn et esou Verhandlungen, den Ament besti mat 17 Länner sougenannten Accords de réadmission. Mat 4 Länner gëtt nach un esou engem Accord geschafft, an zwar mat China, Marokko, Tunesien an Nigeria. Mat Algerien hunn d'Negociatiounen nach net ugefaangen, ma en Accord mat dësem Land wier awer geplangt, esou nach de Jean Asselborn. Op BeNeLux-Niveau ginn et schonn Accorde mat 19 Länner, 10 sinn amgaange verhandelt ze ginn. Ma zanter dass et Lëtzebuerg gëtt, gouf nach ni en Accord de réadmission eleng gemaach. Esou Verhandlunge wieren ëmmer op EU-Niveau oder ënnert de Benelux-Länner.

Bilateral Accorde wieren och kontraproduktiv. Zesummen hätt ee méi politesch Force, fir an den Negociatioune weiderzekommen.

Den Ausseminister huet nieft sengen Explikatiounen nach kloer präziséiert, dass eng Persoun, déi ouni néideg Pabeieren am Grand-Duché ass, net direkt dierft kriminaliséiert ginn. Mat engem Gesetzesentworf, dee schonn um Instanzewee ass, soll méi kloer definéiert ginn, wéi mat sougenannten Dublin-Fäll ëmzegoen ass. Et kéim vereenzelt vir, dass esou Persounen hei am Land eng Strofdot beginn. Et wier gewosst, dass op der Gare Leit zum Beispill aus Frankräich ukommen, déi och do eng Demande fir déi international Protektioun gestallt hunn, an dann hei am Land Droge verkafen. Dat wieren awer net déi Leit, déi den Ausseministère an der Prozedur huet, fir hei de Statut vum Asyl ze kréien.

Géint d’Kriminalitéit misst een natierlech virgoen, ouni aner Leit, déi och keng Pabeieren hunn, ze stigmatiséieren. Ma de Minister huet awer net verstoppt, dass et emol géing virkommen, dass een och mat Länner, mat deenen een u sech en Accord huet, net virukënnt. Da misst och emol au cas par cas gekuckt ginn, dat wier dann och keng einfach Situatioun.