De "Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale" reagéiert op d'Manifestatioun e leschte Samschdeg.

D'Geschicht vum Zweete Weltkrich wier leschte Weekend direkt op e e puer Punkten op eng inakzeptabel Manéier mëssbraucht ginn. Déi, déi mengen, mat engem Juddestär géint d’Impfungen ze protestéieren, hätte guer näischt vun der Geschicht vun der Shoah verstanen.

Wa Randaléierer op d'Nationaldenkmal Gëlle Fra klammen, wann d'Chamber muss viru Manifestante geschützt ginn, wa Leit sech um Chrëschtmäert menacéiert fillen a wann d‘Privatwunnenge vu Politiker belagert ginn, da kéint een nëmmen haart an däitlech soen: Wehret den Anfängen!

Dat deelt den Exekutivbüro vum Comité e Mëttwoch an engem Communiqué mat.