E Mëttwoch de Mëtteg gouf de Gewënner vum Concours d'idées fir de Wunnquartier Stade virgestallt, deen op enger Surface vun 10 Hektar do wäert entstoen.

Wunnquartier StadePark / De Reportage vum Diana Hoffmann

De Projet fir e Wunnquartier nieft der Areler Strooss, wou den Ament nach den Stade Josy Barthel ass, ass nach net fir haut oder muer. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer schwätzt vun enger Zäitschinn vu bis zu 20 Joer. E Mëttwoch de Mëtteg gouf de Gewënner vum Concours d'idées virgestallt. Den Numm vum Projet StadePark.

Vill Konkretes war nach net gewuer ze ginn. Just, datt de Wunnprojet wäert op enger Surface vun 10 Hektar entstoen an eben un der Areler Strooss, Héicht Stadion, wou och den Tram wäert fueren. Ma zentral Iddie goufen awer scho festgehalen.

De Philippe Nathan, Architekt bei 2001 an domat Gewënner vum Concours zesumme mat HHF Architekten erkläert, datt ee beim Plange vum neie Quartier och wollt op d'Geschicht vum Site agoen. All Mënsch zu Lëtzebuerg hätt Erënnerungen oder Anekdoten aus dem fréieren nationale Stadion. "Dat ass eigentlech fir d'ganzt Land e Lieu de mémoire, an dat heescht, et fänkt een net bei Null un", seet de Philippe Nathan. Sou soll aus där Plaz, wou haut nach de Stade Josy Barthel ass, e Park entstoen, dee souzesoen eng Zort Zentrum vum Quartier soll ginn. Ma och aner Gebaier, wéi zum Beispill den ale Pompjeesbau, solle mat an den neie Quartier integréiert ginn.

Graff gesinn, soll Wunnraum fir eng 2.000 Awunner kreéiert ginn, also eng 1.000 Wunnengen. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer seet, datt soll e Wunnquartier geschaaft ginn, deen alle Krittäre vu Liewensqualitéit, vun Nohaltegkeet a vu moderner Mobilitéit entsprécht. Wéini genee et awer wäert lassgoen, konnt d’Buergermeeschtesch nach net soen. Zwar gehéieren 83 Prozent vun den Terrainen der Stad Lëtzebuerg, anerer awer der Congrégation Soeurs Francisaines. Dës Terraine wiere prett, fir datt kéint drop gebaut ginn. Déi vun der Stad awer nach net. Fir d'éischt muss emol den neie Liichtathletikstadion zu Hamm geplangt a gebaut ginn, an en neit Gebai fir de Service d'Hygiène zu Märel.

D’Lydie Polfer rechent domat, datt de Projet vu Säite vun der Stad kann an 10 Joer ugefaange ginn. Den Ament läit awer eréischt e Konzept um Dësch, aus deem soll eng Aart Masterplan entstoen. Dëse wäert dann de Kader setze fir d'PAPen, déi kommen wäerten.

Et géing an deenen nächste Joren nach vill Zäit bleiwe fir Biergerbedeelegung, soten déi Responsabel, a  regéieren domat op d’Kritik vun engem Representant vun der Asbl "Eis Stad", dee gemengt huet et géing keng Transparenz gi fir d'Bierger, doriwwer wéi de Projet ëmgesat gëtt. D’Äntwert war, datt d'Bierger kéinte spéitstens, wann de PAP ausgeschafft gëtt, nach eng Kéier hir Avisen ofginn.