Zanter Ouschtere vun dësem Joer gëtt un zwou neie Brécke geschafft.

Eng Schneis gouf duerch de Bësch geschloen a Beem goufen ëmgehaen. Enn 2022 sollen des 2 Brécke fäerdeg gebaut sinn. Si feiere spéider vu Klierf erop bei de neie Rond - Point. Zil vun dëser neier Strooss léit op der Hand. Et geet drëms den Duerchgangstraffic, virun allem vum Schwéiertransport verursaacht, aus der Touristestad ze kréien.

Mëtt der Woch gouf ugefaangen en Deelstéck vun der neier Strooss Richtung Klierf erof ze goudronéieren. Nom Congé collectif geet et hei weider.

Eng wichteg Roll vun dësem Contournement spillt dëse Viaduc. Irbich heescht en. D'Bréck ass 265 Meter laang an ass ronn 36 Meter iwwer dem Bueden. Iwwer d'Stole Bréck féiert duerno d'Transversale vu Klierf.

Bal 4 Kilometer laang ass duerno déi nei Strooss tëscht Klierf a Maarnech, déi mat 73 Milliounen Euro zu Buch schléit.