EU-Generaldirectrice weist an engem Tweet déi falsch Kulturhaaptstad

© Image Themis Christophidou via Twitter
Esch-Sauer oder Esch-Uelzecht? Datt och d'EU mat deene "villen" Eschen zu Lëtzebuerg emol duerchernee komme kann, huet sech elo an engem Tweet gewisen.
Als Generaldirectrice vun der EU-Kommissioun an de Beräicher Kultur, Educatioun, Jugend a Sport géif een u sech unhuelen, datt d'Zypriotin Themis Christophidou sech mat den europäesche Kulturhaaptstied beschtens auskennt. Mee och EU-Beoptraagte kënnen emol Feeler maachen.
Ee fir Lëtzebuerg e bësse méi penibele Feeler huet sech d'lescht Woch an een Tweet vun der EU-Generaldirectrice ageschlach. Si huet den europäesche Kulturhaaptstied 2022 - Kaunas (Litauen), Novi Sad (Serbien) an Esch-Uelzecht - hir bescht Wënsch geschéckt. An der Foto-Montage, déi beim Tweet mat derbäi war, war allerdéngs net Esch-Uelzecht ze gesinn, mä Esch-Sauer.
Natierlech ass Esch-Sauer net nëmme kulturell, mä och historesch wichteg - et ass allerdéngs offiziell weder eng Stad, nach eng vun den europäesche Kulturhaaptstied 2022.