1,5 Millioune Schnelltester gi bei der Luxexpo verdeelt

© Diana Hoffmann
Entrepreneuren aus dem Horeca, dem Evenementiel an dem Fitness kënnen zanter Mëtt der Woch gratis Schnelltester virun der Luxexpo um Kierchbierg ofhuelen.
Dës an d'nächst Woch ginn 1,5 Milliounen Tester vun der Regierung an Zesummenaarbecht mat der Chambre de Commerce u si verdeelt. Ofhängeg vun der gréisst vun der Entreprise kréie si 160 bis 1.500 Schnelltester. D’Diana Hoffmann war op d’Plaz kucken, wéi d’Aktioun opgeholl gëtt, a froen, wéi et de betraffene Betriber geet.
Nodeems si e eng Invitatioun geschéckt kruten, kënnen d’Commerçante bei den zwee wäissen Zelter um Parking virun der Luxexpo virfueren, a kréien dann d’Tester, déi se zu gutt hunn, direkt an d’Mall geluecht. D’Yannick Majerus vun der Chambre de Commerce erkläert:
"Vill Entreprise si schonn hir Tester siche komm, och fir iwwert d'Feierdeeg. Dat ass elo mol e klenge Coup de pouce, bis se sech selwer mat Tester andecken, fir hir Clienten ze empfänken."
D'Stëmmung bei de Patronen ass dann ënnerschiddlech. De Bedreiwer vun néng Fast Food Restaurante seet, de Business géing nach eenegermoosse gutt lafen, och, well vill aner Restauranten zou wieren.
"Déi Woch tëscht Chrëschtdag an Neijoerschdag ass ëmmer eng ganz gutt. Mir kréien elo eng 700 Schnelltester vum Staat, mee mer verbrauchen der op d'mannst 1.000 den Dag an de Restauranten."
Dofir muss hien all puer Deeg bis op Dikrech fueren, wou hien iwwerhaapt nach e puer Dausend Tester matenee kritt. De selwechte Problem kennt de Bedreiwer vun enger Kloterhal, grad elo an der Vakanzenzäit.
"Mir brauchen enorm vill Tester. Mir brauchen eng 50-60 den Dag a probéieren der iwwerall ze kréien. Ma de Präis ass elo immens héich ginn."
Net jidderengem geet et awer esou. De Besëtzer vun engem Café zu Beetebuerg klot, de Leit wier d’Loscht um Café vergaangen. D’Clientë géingen ausbléiwen.
"D'Leit kommen net méi an de Café, fir just e Kaffi ze drénken. Se mussen e CovidCheck maachen an hir Carte d'Identité weisen. Den Antigène-Test dauert dann e puer Minutten"
Dat wier dann net derwäert. Och a ville Restauranten ass d’Zuel vun de Clienten erof gaangen. Dës géingen d’Tester net akzeptéieren, obwuel si se offréiert géinge kréien.
De Patron vun engem Fitnesszenter huet wéinst de Schnelltester eng grouss Abouss. Den Zäitopwand vu 15 Minutte fir e Schnelltest wier dacks ze grouss.
"Déi, déi geimpft sinn an nach keng Méiglechkeet haten, sech boosteren ze loossen, déi mussen sech elo testen, wa se bei eis kommen. Wa se eng Stonn wëllen trainéieren, musse se virdru 15 Minutten deen Test maachen. Da soen se, da bleiwen ech doheem."
Wa keng Leit méi do sinn, wéi sollen sech déi puer dann nach ustiechen, freet hien. Bei der Chambre de Commerce bleift een awer iwwerdeems positiv.
"Natierlech ass et net evident fir d'Entreprisë mat deenen neie Restriktiounen. Mee mir sinn alleguerten an der selwechter Situatioun, an ech mengen si hunn awer all e kollektive Geescht fir nach dat bescht doraus ze maachen. An et ass jo gutt, datt mer nach net mussen zou maachen", esou d’Yannick Majerus ofschléissend.

© Diana Hoffmann