D'Schied, déi d’Joerhonnerthéichwaasser zejoert hannerlooss huet, sinn enorm. Nach haut hu vill privat Leit a lokal Betriber mat de Konsequenzen ze kämpfen

Sou zum Beispill och den Iechternacher Abteimusée, deen zwar net direkt iwwerschwemmt gouf, ma wou d‘Waasser duerch de Buedem iwwert d‘Nuecht koum. Zanterdeem sinn d‘Dieren zou a wäerten och nach eng Zäitche mussen zou bleiwen.

Et brauch een nämlech vill Gedold. Duerch d’Waasser, dat erakomm ass, mussen elo nämlech Dag an Nuecht Loftentfiichter am Abteimusée lafen. Huet ee soss stonneweis d’Container eidel gemaach, muss een dat elo just nach all zweeten Dag, ma d’Fiichtegkeet misst een an de Grëff kréien. Dernieft huet ee misse sou séier wéi méiglech déi al Bicher a Skripten a Sécherheet bréngen, déi nach an de Vitrinne louchen. De Pabeier hätt sech soss kéinten zersetzen. Ma net all Ausstellungsstéck hat esou Chance. E réimesche Mosaik muss komplett restauréiert ginn an och d’Relieffer aus Holz musse gebotzt ginn, well déi vum Schimmel befall goufen.

Den Ament ass de Musée nach an der üblecher Wanterpaus. Dofir hätt een nach Zäit, fir alles ze preparéieren a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Staat dierft dat och kee Problem sinn. Eleng d‘Ersetze vun der Technik fir d‘Beliichtung, déi am Buedem verlaf ass, mécht nach Suergen. Ma fir de Rescht freet ee sech op d‘Reouverture am Fréijoer an et hofft een elo, dass net nach d‘Pandemie engem e Stréch duerch d‘Rechnung mécht.