Et kommen Ännerunge beim 2G+-System. Ass ee manner wéi 6 Méint geimpft/geheelt, muss ee kee Schnelltest méi op der Plaz maachen, fir iergendwou eran.

D’Land soll nach kënne weider funktionéieren a mir sinn un eise Limitten a Capacitéite beim Contact-Tracing an de PCR-Tester ukomm, dofir musse mer d'Covid-Gesetz adaptéieren, dat sot d’Regierung en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber. Et géif een do näischt verstoppen, huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert zouginn. Villes wär Hickhack, mä de Virus géif mutéieren an et misst ee pragmatesch a flexibel sinn.

En neit  a 26. Covid-Gesetz ass an der Chamber gestëmmt ginn, mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit. Déi 29 Deputéiert vun der Oppositioun hu sech dogéint ausgeschwat.

Wat ännert? 3 gréisser Modifikatiounen

Virop gëtt den 2G+ Regimm e bësse méi large, dee jo zanter dem 24. Dezember virun allem am Horeca-Beräich gëllt, also Caféen a Restauranten, awer och am Kino, grad wéi op anere Plazen, wou méi Leit aus verschiddene Stéit zesummekommen.

De Prinzip war: jiddereen, deen net scho geboostert ass, muss zousätzlech e Schnelltest op der Plaz maachen. Mam neie Gesetz kommen nei Kategorië vu Leit dobäi, déi kee Schnelltest méi musse maachen.

  • Leit, déi komplett geimpft sinn an deenen hir lescht Piqûre net méi al ass ewéi 6 Méint, also 180 Deeg.
  • Leit, déi geboostert sinn, also de Rappell vun hirer Impfung kruten.
  • a Persounen, déi mam Covid infizéiert waren, déi elo als geheelt gëllen. Och deenen hire Certificat de rétablissement ass 6 Méint valabel.

No 6 Méint komplett geimpft oder geheelt, muss een en Test maachen oder geboostert sinn.

Aktuell kann ee sech no 3 Méint eng drëtte Kéier impfe loossen. Deen Delai gouf och scho sëllege Kéieren no vir verréckelt. D‘Santé recommandéiert jidderengem, dee kann, sech de Rappell picken ze loossen.

Jugendlecher vun 12 Joer u si jo rezent och als eligibel deklaréiert ginn.

Eng vun den Haaptännerunge betrëfft d'Certificate vun der Europäescher Unioun.

Vum 1. Februar u gëllt de Certificat vun der Impfung EU-wäit nach 9 Méint. Dat betrëfft virop déi éischt komplett Impfung. Am Fall vun engem Impfstoff mat just enger Dosis heescht dat dann 270 Deeg no der Piqûre. Bei Vaccine mat zwou Dosisse sinn et 270 Deeg no der zweeter Sprëtz.

Oder: bei Leit, déi infizéiert waren, sinn et 270 Deeg no der eenzeger Dose, déi, déi Leit jo musse kréien.

All déi 27 Memberstaate musse gëlteg Certificaten acceptéieren.

D'EU-Kommissioun huet bis ewell awer nach keng eenheetlech Period virgesinn, wéi laang e Certificat gëlteg ass, deen een no der Booster-Impfung kritt. A soulaang do keng Limitt proposéiert ass, heescht dat, dass de Certificat vu geboosterte Persoune bis op Weideres och ouni Limitt valabel ass.

Donieft geet d'Isolatiounsdauer fir geimpfte Leit ënner Konditiounen op 6 Deeg erof. Och hei nees sinn et déi, deenen hiren Impf-Schema net méi laang ewéi zanter 6 Méint komplett ass oder déi geboostert sinn. Déi nei Reegel gëllt och fir Persounen, deenen hir Covid-Infektioun net méi laang ewéi 6 Méint hier ass.

Wann déi Leit sech infizéieren, da musse si net méi 10 Deeg an Isolement. De 5. a 6. Dag muss een e Schnelltest maachen, a wann déi negativ sinn, däerf een de 7. Dag erëm fréizäiteg aus der Isolatioun, an deemno schaffe goen.

Impfunge sinn a bleiwe wichtegt Instrument

D’Ministere Bettel a Lenert hunn och nach emol d’Wichtegkeet vun der Impfung ervirgestrach, wat en uerge Verlaf vun enger Ustiechung ugeet. Bei de Covid-Patienten an de Spideeler géif aktuell ee Geimpften op 8 Net-Geimpfter kommen. Vun den 8 Corona-Doudegen iwwert de Weekend waren der 6 net geimpft.

Kritik vun Oppositioun, Staatsrot a Wirtschaft

Oppositioun géint nei Covid-Gesetz / Reportage Pierre Jans

CSV: Regierung mécht Navigatioun à vue

Déi gréisst Oppositiounspartei CSV wäert géint dat neit Covid-Gesetz stëmmen, dat gouf schonn an der Reide vum Claude Wiseler annoncéiert. Dësen hat an de Plenière kritiséiert, dass et net logesch wär, elo schonn nees Ännerungen um Gesetz virzehuelen. D'Populatioun géif bei de ville Changementer net méi no kommen. D'CSV iwwerhëlt d'Bedenken, déi de Staatsrot a sengem Avis zum Projet de Loi festgehalen huet. Deen hat zum Beispill geschriwwen, et wär kontradiktoresch, dass den Delai fir de Booster ze kréien rezent aus epidemiologeschen Grënn op 3 Méint erofgesat gouf. Dat wärend Persounen, déi manner laang ewéi 6 Méint komplett geimpft sinn, elo awer keen zousätzlechen Schnelltest méi mussen maachen do wou, den 2G+ Regimm gëllt.

D'Situatioun gëtt ëmmer méi komplex. D'Regierung muss fir hir Decisiounen ëmmer méi Facteure berécksiichtegen. Mat Omikron sinn d'Kaarten nei gemëscht ginn. Héich Infektiounszuelen, laang Isolatiounszäiten. Vill Secteure mussen e Personalmanktem fäerten. D'Regierung huet séier reagéiert a sech ugräifbar gemaach. Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler huet net gezéckt.

Eiser Meenung no mécht d‘Regierung haut just nach eng Navigation à vue. E bëssen hei an e bëssen do un enger Schrauf dréinen, an dann hoffen, dass den Auto net aus der Kéier flitt. Wat d‘Regierung hei mécht, versteet de Staatsrot net, versti mir net, a verstinn d'Leit och net. Wéi och de leschten Text, sinn dat hei iwwerstierzt agefouerte Moossnamen.

Déi gréisst Oppositiounspartei fuerdert iwwerdeems gratis Schnelltester fir all d'Stéit. Testen misst esou selbstverständlech ginn ewéi Zännwäschen, huet de Claude Wiseler betount. Den Deputéierten huet och eng ganz séier d'Decisioun an der Fro vun der allgemenger Impfflicht gefuerdert. Der CSV no ass déi Mesure juristesch méiglech an ethesch duerchaus ze vertrieden.

ADR: Gesetz ass e Schratt a Richtung Impfflicht

D'Leit hätte mol keng Geleeënheet, sech un en neit Gesetz unzepassen, da géif schonn dat nächst kommen, sou de Jeff Engelen. D’ADR ass fir méi Rou a Previsibilitéit a weider fir d'Fräiwëllegkeet vun der Impfung.

Déi verkierzten Isolatiounsdauer gëtt jo doheem vum Infizéierten mat zwee negative Schnelltester iwwerpréift, gëtt awer net kontrolléiert. Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen huet d’Fro gestallt, firwat dat dann net beim CovidCheck op der d’Aarbecht gëllt. Firwat géif d’Regierung deenen enge Leit vertrauen an deenen aneren net?

Extrait Jeff Engelen

Déi Lénk: Onkloerheet iwwert d'Effikassitéit vun de Schnelltester

D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk huet drop higewisen, dass et hires Wëssens no immens vill Onkloerheeten am Horeca-Beräich iwwert den Ëmgank mat de Schnelltester gëtt. Dovun ofgesinn, freet si sech, firwat d‘Schnelltester elo nees esou eng grouss Wichtegkeet kréien. Zwee negativer si jo d'Konditioun, fir no enger Covid-Infektioun schonn no 6 Deeg aus der Isolatioun eraus ze dierfen.

Et kënnt een aus der Isolatioun eraus, andeems ee sech selwer test. Déi Schnelltester sinn net zertifiéiert deen Ament. Do kann ech mir just Froe stellen, iwwer d‘Koherenz vun deem Discours no baussen. Do besteet e Vertrauensverloscht. Op der enger Säit seet d‘Politik, de Schnelltest wär eng Schwaachstell an e misst eraus aus dem ëffentleche Liewen. Mä dann geet et elo duer, fir nees schaffen ze goen.

Piraten: Leit dierfe fir Tester oder Impfungen net Stonnen an der Schlaang stoen

Dem Sven Clement vun de Piraten no kënnt ee just mat enger Kombinatioun aus ville Mesuren aus der Pandemie eraus. Dofir musse mir kucken, dass jiddereen, dee sech wëll teste loossen, dat den Dag selwer a spéitstens den Dag duerno maache kann. An dat ouni véier Stonnen am Reen ze stoen. A gläichzäiteg musse mir och kucken, dass keen fënnef Stonnen muss an enger Schlaang stoen, fir sech impfen ze loossen. Soss verléieren mir och do Leit.

Staatsrot: PCR-Test oder zertifiéierte Schnelltest, fir aus Isolement ze kommen

De Staatsrot hat a sengem Avis geschriwwen, dass déi Reegel mat den zwee net kontrolléierte Schnelltester, quasi e Fräifaartsschäi wär fir déi Infizéiert. Wie fuddelt, kéint net bestrooft ginn, beklot déi héich Kierperschaft ënnert anerem. De Staatsrot proposéiert, dass och e PCR-Test oder en zertifiéierte Schnelltest néideg ass, fir méi fréi aus dem Isolement eraus. Iwwerhaapt war den Avis kritesch. D'Santéskommissioun koum dowéinst en Dënschdeg de Moien nach eemol zesummen.

Wirtschaft: Inkoherenz bei Quarantän an Isolement tëscht Geimpften an Net-Geimpften

Da gëtt et awer och allgemeng Kritik aus der Wirtschaft. De Jean-Paul Olinger Direkter vun der Unioun vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg hat op Twitter kritiséiert, et géif eng Inkoherenz gi bei der Quarantän tëscht Geimpften a Net-Geimpften. Leit ouni Impfung missten a Quarantän falls se mat enger positiv getester Persoun a Kontakt waren. A si kréie weider hir Pai. Geimpfte Persoune musse jo net a Quarantän a missten deemno weider schaffen.

Déi selwecht Kritik kéint ee jo dann beim Isolement no enger Infektioun ubréngen: do mussen net-geimpft Persounen, déi sech infizéieren, 10 Deeg doheem bleiwen, ob se krank sinn oder net.

Majoritéit a Regierung verdeedegen an erklären Decisiounen

Et ass schonns dat 26. Gesetz, sot de Rapporter an LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Dat neit Joer géif ufänken, wéi dat aalt opgehalen huet, mat engem weidere Gesetz am Kampf géint de Virus. Anescht wéi aner Länner, déi per Dekret quasi all Dag d’Reegelen änneren, géif et zu Lëtzebuerg den demokratesche Wee duerch d’Chamber goen. Déi nei Virus-Variant Omikron géif aktuell wéi en Tsunami iwwert eis rullen, huet de Mars Di Bartolomeo gemengt.

Extrait Mars Di Bartolomeo

Mir hu präventiv gehandelt, wéi mer den "2G+" virun der Chrëschtvakanz gestëmmt an elo si mer eis ze net ze schued, fir eppes un deem System ze änneren, wa mer gesinn, datt nei Problemer optauchen, esou den LSAP-Deputéierten. Dëst wier eben de Problem vun de ville Krankheetsfäll a vereenzelte Secteuren.

Mir brauche Léisungen, déi eis Capacitéiten net iwwerstrapazéieren, sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert RTL géintiwwer am Interview. Kontrolléiert ginn d’Schnelltester allerdéngs net. Et wär eng Decisioun fir am Vertrauen ze schaffen.

Effektiv gesäit ee jo schonn an anere Länner, dass et a ville Beruffsstänn grouss Problemer ginn, well Leit feelen. Immens vill Salariéen infizéiere sech aktuell och mat der héich ustiechender Omikron-Variant. An déi sëtzen dann deels ouni Symptomer isoléiert doheem.

D'Wëssenschaft seet awer, dass geimpft a geheelt Leit eng manner héich Charge virale hunn an och manner laang ustiechend sinn. An deem Fall, wäre 6 Deeg Isoléierung méi adequat fir déi aktuell Situatioun. Dës Verkierzung vum Isolement gëllt och retroaktiv. Dat heescht och wa Leit sech schonn iwwer de Weekend infizéiert hunn, kënne se, wa si d'Krittären erfëllen, schonn Enn vun dëser Woch nees eraus.

Méiglech Impfflicht nächst Woch um Programm an der Chamber

De Xavier Bettel ass um Enn vun der Debatt op eng méiglech Impfflicht agaangen. Dës Woch soll en Avis vun engem Grupp vu 5 Leit virleien, ob eng Impfflicht sanitär oder gesondheetlech sënnvoll wier. D’Deputéiert sollen e Froekatalog kréien. An aller Serenitéit soll déi nächst Woch an der Chamber diskutéiert ginn, wënscht sech de Premier Bettel.

Extrait Xavier Bettel

Ech wëll ee breede Konsens an der Chamber, wann d’Experte soen, mir brauchen eng Impfflicht, sou nach de Staatsminister.  An 8 Joer wär et eng vun de schwéiersten Decisiounen, déi géif diskutéiert ginn.

De Communiqué, mat allen Ännerungen

Adaptation de la loi Covid

Communiqué par : ministère d'État / ministère de la Santé

Suite au vote de ce jour du projet de loi n°7943, la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 a été adaptée sur les points suivants :  

Durée d’isolement

La durée en cas d’isolement est de 10 jours. Elle peut prendre fin avant l’écoulement des 10 jours, pour les personnes suivantes :

  • ayant un schéma vaccinal complet dont la date d’établissement remonte à moins de 6 mois, ou
  • sont rétablies d’une infection à la Covid-19 depuis moins de 180 jours depuis le test PCR positif, ou
  • ont eu un rappel vaccinal, et

 si celles-ci réalisent, au plus tôt le 5e et le 6e jour de l’isolement, des tests antigéniques rapides SARS-CoV-2 dont les résultats sont négatifs. En cas de résultats négatifs, l’isolement prend fin le 6e jour.

Cette réduction se justifie par le fait que ces personnes ont une charge virale moindre et surtout une durée de contagiosité plus courte.

Ce changement s'applique également aux personnes actuellement déjà en isolement.

 

Durée de validité des certificats de vaccination

En accord avec la Commission européenne, la durée de validité générale des certificats de vaccination est fixée à 270 jours (9 mois) à compter de la date à partir de laquelle le schéma vaccinal est considéré comme complet.

A noter que la Commission européenne n’a fixé aucune période standard d'acceptation des certificats délivrés à la suite de l'administration d'une vaccination de rappel, étant donné qu'il n'existe pas encore suffisamment de données concernant la durée de protection conférée par ledit rappel. Pour l’instant, la durée de validité des certificats de vaccination établis suite à la vaccination de rappel, n’est pas déterminée.

Régime CovidCheck 2G+

Le régime CovidCheck 2G+ est maintenu, mais les catégories de personnes pouvant être exemptées  de l’obligation de test  sont élargies aux personnes qui :

  • disposent d’un schéma vaccinal complet de moins de 180 jours ; ou
  • ont reçu une vaccination de rappel ; ou
  • qui disposent d’un certificat de rétablissement en validité.

 Cette adaptation tient compte de l’expérience acquise dans un certain nombre de pays qui ont été touchés par le variant Omicron avant le Luxembourg, et d’où il résulte que, si l’efficacité vaccinale diminue avec le temps, elle augmente de nouveau de manière significative avec la vaccination de rappel.