Muss een an Zukunft mat méi Wëllef hei an der Regioun rechnen? Ënnert anerem dat huet de Pit Everling nogefrot.

Wat bedeit d'Presenz vum Wollef? / Rep. Pit Everling

Bei Wëntger gouf en Dënschdeg e Wollef fotograféiert. D'Naturverwaltung huet confirméiert, datt et sech ëm e Wollef handelt. Wat bedeit dat elo an där Géigend fir Mënsch an Déier? Wann d'Naturverwaltung sou eng Foto geschéckt kritt, gëtt gekuckt, ob eng Rei Krittären erfëllt sinn, zum Beispill d'Oueren, sou de Laurent Schley, Directeur adjoint vun der genannter Administratioun:

Déi däerfen net ze spatz sinn. Bei wollefsänlechen Hënn sinn déi meeschtens méi spatz a laang, beim Wollef éischter méi kuerz an ofgeronnt.

Och de Schwanz ass e wichtege Krittär, deen däerf net ze laang sinn.

Dat Déier, wat bei Wëntger gesi gouf, gouf kloer als Wollef identifizéiert. Vu datt och am belsche Bourcy Observatioune gemaach goufen, wier dovunner auszegoen, datt dëse Wollef sech schonn eng Zäit am Lëtzebuerger-belsche Grenzgebitt ophält. Et wier schwéier soen, ob e lo do bleift oder weiderzitt. Ënner anerem kéint dat dovunner ofhänken, ob de Wollef ee Partner fënnt.

Wann et sech hei ëm en Eenzeldéier handelt, kann et sinn, datt e bleift awer och, datt e weider zitt, wann e kee Partner fënnt.

Vis-à-vis vum Mënsch verhält de Wollef sech an der Reegel schei. Eng Renconter wier éischter onwarscheinlech: wann de Wollef net fort leeft, soll ee sech grouss maachen an haart schwätzen, d'Äerm an d'Lut strecken, fir datt de Wollef een och als Mënsch erkennt.

De Wollef frësst Wëld, awer zum Deel och Notzdéieren ewéi Schof, dat wier den Haaptkonflikt, deen et mam Wollef gëtt, sou de Laurent Schley.

Zënter 2017 ass en Aktiouns- a Managementsplang en place, dee vun de verschiddene concernéierten Acteuren ausgeschafft gouf. Do sinn och Indemnitéite virgesinn, wann en Notzdéier, wéi zum Beispill e Schof, gerass gëtt. Trotzdeem wier et allgemeng schwéier sech ze schützen, seet de President vum Schoofsziichterverband Raymond Baulesch: Mir kënnen eis Wise jo awer net zwee Meter héich zoumaachen. Déi Schofsziichter am Éislek dierfte sech esou lues Gedanke maachen. De Wollef sollt net ofgeschoss ginn. Et muss awer eppes geschéien. D'Ënnerstëtzung vum Staat misst méi grouss sinn.

Den Aktiouns- a Managementesplang géing an déi richteg Richtung goen, mä d'Ënnerstëtzung wier net grouss genuch, fënnt och de Christian Wester, President vun der Bauerenzentral: De Bauer kritt just de Verloscht vum Déier entschiedegt, wann deem säin Dout mat Sécherheet op de Wollef zeréckzeféieren ass. D'Prozedure sinn och laangwiereg. Dat läit de Baueren e bëssen um Mo.

Déi indirekt Konsequenze fir d'Bauere géingen net berécksiichtegt ginn, bedauert de Christian Wester. Och bei engem Schutzzonk kréich ee just ënnert d'Äerm gegraff, wann d'Presenz vun engem Wollef definitiv erwise wier. Allgemeng wier et fir d'Bauere ganz schwiereg, sech preventiv ze schützen.

De Wollef bei Wëntger kéint een Eenzelgänger sinn. Am Ausland hu sech awer op méi Plaze Ruddele forméiert, ënner anerem am Hohen Venn am belsch-däitsche Grenzgebitt.

Och zu Lëtzebuerg wier et eng Fro vun der Zäit, bis méi Wëllef present wieren, sou nach de Laurent Schley.