En Donneschdeg goufen an deem Kontext am Héichschoulministère Konventioune mat den ënnerschiddlechen Acteuren ënnerschriwwen.

D'Zil wier et weiderhin, datt Lëtzebuerg sech och international Visibilitéit verschaaft. Dat huet den Héichschoulminister Claude Meisch ënnerstrach.

Nieft der Uni Lëtzebuerg goufen och Konventioune mam Luxembourg Insitut of Health, mam List, dem Liser an dem Fonds national de Recherche ënnerschriwwen. Ronn 3.000 Fuerscher schaffen zu Lëtzebuerg an déi hunn och an der Pandemie e wichtege Rôle gespillt, zum Beispill mam Large Scale Testing oder den Analyse vun de Kläranlagen.

D'Fuerschung misst weider onofhängeg bleiwen, huet de Claude Meisch betount, an awer goufe fir déi nei 4-Joresperiod gemeinsam Missiounen definéiert: D'Digitaliséierung au service vun enger personaliséierter Medezin. Eng zweet Missioun ass de Fintech. Eng drëtt Missioun ass am Beräich vun der Educatioun, der Formatioun an de Kompetenze vum 21. Joerhonnert. An déi véiert ass den Défi climatique an énergétique.

RTL

© Jeannot Ries / RTL

Eng weider Neierung ass e weideren interdisziplinären Zenter: Ronderëm d'Ëmwelt-Systemer, wou et drëm geet, de ganze Volet vun der Nohaltegkeet ze thematiséieren. D'Uni wäert sech do positionéieren. Dat evitéiert awer net, datt de List op der anerer Säit en Zenter ronderëm den Hydrogen wäert lancéieren.

Nieft den 1,7 Milliarde sollen d’Instituter awer och aner finanziell Quellen unzéien, huet den DP-Minister ënnerstrach. Dofir ass och en Deel vum staatleche Finanzement doru gebonne – erfëllen d’Instituter dëse Krittär, sinn zousätzlech 35 Millioune Bonus virgesinn: Wou mer da Joer fir Joer eng Tranche kënne fräi ginn un déi Instituter, déi un internationalen Ausschreiwungen deelgeholl hunn an duerch hir Kompetenz a Qualitéit en Zouschlag vum Finanzement kréien.

Dat wier duebel sou vill, wéi nach an der Period virdrun, huet de Claude Meisch betount.