Vu e Samschdeg u gëllt de CovidCheck op der Schaff a vun dësem Freideg u sinn deemno d’Testzentere vun der Arméi op.

Vum 15. Januar u muss ee fir schaffen ze goen geimpft, geheelt oder negativ getest sinn. Just zertifiéiert Schnelltester a PCR-Tester sinn erlaabt.

Wien 1 mol geimpft ass, ka sech, mat Rendez-vous, gratis an engem vun den Testzenteren teste loossen, dat bis Enn Februar.

D’Arméi huet 5 Zenteren opgeriicht: zu Jonglënster, um Houwald, beim Rond-point Raemerech zu Esch, um Fridhaff an hei um Kierchbierg bei der Lux-Expo. Och samschdes a sonndes sinn déi Zenteren op.

1 mol geimpft kritt een 20 Bongen, fir sech testen ze loossen.