D'Sprooch, de Fändel an d'Nationalhymne ware bis ewell net an der Verfassung verankert, dëst wäert sech awer elo änneren.

Am Kapitel iwwer de Grand-Duc an d'Monarchie géif déi national Identitéit gestäerkt ginn, esou déi véier Rapportere vun der Revisioun vun der Constitutioun Simone Beissel, Léon Gloden, Charles Margue a Mars Di Bartolomeo de Moien op enger Pressekonferenz an der Chamber.

D'Sprooch, de Fändel an d'Nationalhymne ware bis ewell net an der Verfassung verankert. Déi national Symboler kommen elo an d'Constitutioun stoen.

Nieft Lëtzebuergesch wäerten do och Däitsch a Franséisch als Sprooche vum Land genannt ginn. D'Rapporter gesinn d'Méisproochegkeet als Atout vum Grand-Duché un, deen an d'Verfassung gehéiert. Iwwerdeems bekennt Lëtzebuerg sech als Deel vun Europa, ouni dass déi national Souveränitéit doduerch a Fro gestallt wär, huet de Mars Di Bartolomeo gesot.

D'Roll vum Grand-Duc am Staat géif iwwerdeems gefestegt ginn. Hie gëtt explizitt als Staatschef ernimmt. Lëtzebuerg ass eng konstitutionell Monarchie. Dat gëtt mat der Verfassungsrevisioun affirméiert. De Léon Gloden huet déi Leit kritiséiert, déi behaapten, zu Lëtzebuerg géif een an enger Diktatur liewen. "Hei am Land bestëmmen demokratesch organiséiert Institutiounen", esou den Deputéierten.

Déi véier Rapporter si sech eens, dass och dëst Kapitel keng Revolutioun, mä eng Evolutioun wär. Nawell misst een d'Biergerinnen a Bierger mat an d'Boot huelen a grouss Efforte maachen, d'Changementer richteg z'erklären. Rezent wäre Kriticken un der Verfassungsrevisioun mat deenen un der Gestioun vun der Covid-Pandemie vermëscht ginn, huet de Chamberpresident Fernand Etgen bedauert. Dat mécht senger Meenung no kee Sënn.

D'Chamber fiert elo weider mat enger Informatiounscampagne, huet de Fernand Etgen annoncéiert. All Stot kritt eng Broschür mat Explikatiounen an dräi Sproochen iwwer d'Verfassungsreform an d'Boîte.

Biergerversammlunge si bis ewell keng geplangt. Et ass awer net ausgeschloss, dass der organiséiert ginn.

De 25. Januar gëtt am Parlament iwwer de Gesetzprojet fir d'Kapitel iwwer de Grand-Duc an d'Monarchie ofgestëmmt.

D'Kapitel iwwer d'Justiz war jo mat enger considerabeler Majoritéit am Plenum ugeholl ginn. Den obligatoreschen zweete Vott soll nach dëst Joer sinn. Gläichzäiteg gëtt dann iwwert d'Gesetzprojete fir en nationale Justizrot an iwwer d'Statutte vun de Magistraten ofgestëmmt. Do feelen nach d'Avise vum Staatsrot.